
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. Vun den 100 Doudesaffer sinn der 64 Prozent am Spidol gestuerwen. 55 Prozent si Männer a 45 Prozent si Fraen.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 8 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.859. Vun den Infizéierte sinn der 3.130 Residanten.
Vun den 3.859 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.505 geheelt, 255 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 51.883 Tester gemaach, 1.350 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell sinn 111 (-7) Patienten hospitaliséiert, 21 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 868 (+8) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
