Coronavirus zu LëtzebuergZuel vun Doudesaffer klëmmt ëm 7 op elo 704

RTL Lëtzebuerg
Vun 11.412 Tester waren der 297 an de leschte 24 Stonne positiv.
© RTL Archivbild

E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 704 läit.

Aktuell sinn 113 (-15) Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 (-1) op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 3.038 aktiv Infektiounen a 54.666 Persoune gëllen als geheelt.

2.721 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 569 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 64.068 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO