An den 3 éischte Méint vum JoerZuel vu Faillitte stabel, Liquidatioune sinn erofgaangen

Carine Lemmer
285 Entreprisen hunn am éischten Trimester eng Faillite deklaréiert.

An den 3 éischte Méint vum Joer waren d’Faillitten hei am Land stabel, d’Liquidatioune sinn erofgaangen. Dat mellt de Statec.

285 Entreprisen hunn am éischten Trimester eng Faillite deklaréiert. Doduerch gi jo och ëmmer Aarbechtsplaze verluer. Et wären der awer méi wéi 27% manner gewiescht wéi am selwechten Zäitraum 2025.

Am Bau hätt sech d’Situatioun liicht entspaant. 45 Faillitte gouf et do, 5 manner wéi zejoert.

Am Commerce hunn 51 Betriber missen zouspären. Dat ass eng Hausse vu bal 42%. Bal duebel sou vill Aarbechtsplaze wéi d’lescht Joer am éischten Trimester sinn esou verschwonnen.

Am Horeca-Sekteur goufen dann nach 18 Faillitte gezielt, 51% manner wéi zejoert an d’Aarbechtsplaze sinn an de Restauranten, Hotellen, Fast-Food a Bistroe souguer ëm 44% an d’Luucht gaangen.

Weider Informatiounen an Zuele ginn et um Site vum Statec.

Back to Top
CIM LOGO