
Déi national Tendenze géife sech kloer och an der Stad erëmspigelen, sot den Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederation. D'Stad Lëtzebuerg mécht ëmmerhi 40% vun der Geschäftsfläch aus:
"Eenzel Geschäfter si liicht réckleefeg. Op där anerer Säit gesi mer, dass den Horesca-Secteur staark gewuess ass, souguer méi staark wéi am Rescht vum Land. A wann een dann an de Secteur vum Commerce era zoomt, gesäit een, wat ass an der Stad un Eenzel-Geschäfter gréisstendeels verschwonnen? Do si mer bei engem änlechen Trend wéi am Land. D'Moud ass réckleefeg. Net d'Metercarré si ganz wichteg, mee d'eenzel Geschäfter. An den Alimentatiounssecteur ass gewuess. Alimentatioun, dat kënnen déi klassesch grouss Supermarchéë sinn, déi Der kennt, mee dat kënnen awer och méi spezialiséiert kleng Geschäfter sinn, virun allem an der Stad Lëtzebuerg gesi mer en Trend hin zu ëmmer méi spezialiséierte Geschäfter, och am Iessensberäich."
Op der Gare gouf et zanter 2019 e klore Réckgang u Commercen, an der Uewerstad ass d'Bild e bessert. Den éischte Stater Schäffe Maurice Bauer:
"2019 hate mer 2.104 Commercen an der Stad. 2026 hu mer der 2.446, dat heescht, do ass awer eng grouss Croissance."
Virun allem am Horeca-Beräich hätt et zanter 2019 eng Hausse ginn, déi et soss uechter d'Land net gouf. Eng Tendenz, déi kloer ze erkennen ass, ass déi vun der séierer Restauratioun. An de leschten 3 Joer sinn ëmmerhin 31 där "Snacken" an der Stad opgaangen. Wat de Leerstand an der Stad betrëfft, betount den Tom Baumert vun der Luxembourg Confederation, datt een 2026 mat 9,4% an der Uewerstad an 12,9 op der Gare um niddregste Stand ass zanter 2019, wou de Rapport eng éischte Kéier gemaach gouf a vergläicht d'Chiffere mam Ausland:
"Tréier läit am Moment sechs bis siwe Punkten driwwer. Also do leie mer Richtung 20% deelweis. Metz läit e bësse besser, mee mir sinn am Fong ganz verwinnt mat deenen niddregen Tauxen. An och wa vill driwwer geschwat gëtt, sinn et déi Niddregst, déi mer bis elo gemooss hunn a siwe Joer. En plus si se och am Verglach zu eisen Nopere ganz, ganz gutt."
Gemooss goufen och d'Foussgängerfluxen an och déi géife weisen, datt vill Leit de Wee an d'Stad fannen. Op d'Kritik, datt ee sech an der Uewerstad näischt méi leeschte kéint, seet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer:
"Elo si mir jo net responsabel, a mir kënnen och keen Afloss hunn, wat ugebuede gëtt. Dat heescht, mir si jo net déi, déi soen, elo kënnt hei e Coiffeur an do kënnt e Metzler an do kënnt e Bäcker. Dat hänkt jo net, a Gott sei Dank, net vun ons of, mee déi Offer, déi et eeben hei an der Stad gëtt, déi schéngt awer also engem groussen Deel vun de Matbierger a vun de Leit aus der Stad an aus dem Land awer ze gefalen."
Et wéilt een awer och weider dru schaffen, fir d'Liewensqualitéit vun de Leit, déi an der Stad wunnen a schaffen, ze verbesseren an et géif ee sech driwwer freeën, datt och vill Leit aus dem Ausland an d'Stad kommen. Dovu géif och d'Geschäftswelt profitéieren, sou nach d'Lydie Polfer, déi vun enger positiver Evolutioun iwwert déi lescht Jore schwätzt.