
Géint 5 Auer e Samschdegmoie krut d’Police en Accident tëscht zwee Autoen am Rond-point Gluck gemellt. Bei engem vun de bedeelegte Chauffere war den Alkoholtest positiv. Ausserdeem huet sech erausgestallt, dass et géint hie schonn e Fuerverbuet gëtt. Säi Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert. Béid Chauffere koume fir Traitementer an d’Spidol. D’Strooss war nom Accident zäitweis fir den Trafic gespaart. D’Police technique war op der Plaz.
Kuerz no Mëtternuecht e Sonndeg krut d’Police e Chauffer gemellt, dee mat sengem Gefier zu Bous fir d’éischt a Schlaangelinnen an duerno mat ganz niddereger Vitess gefuer wier, éier en da matten op der Fuerbunn stoe bliwwe wier. D’Beamte vun der Police konnten de Mann schliisslech zu Réimech untreffen a kontrolléieren. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Ongeféier zur nämmlechter Zäit gouf dann e Gefier gemellt, dat zu Waasserbëlleg an e Bam an an d’Toilette vun engem Chantier gerannt wier. Och hei huet den Alkoholtest e positiivt Resultat gewisen an d’Beamten hunn de Fürerschäin agezunn.
Géint 0.45 Auer war dann en Automobilist am Zickzack op der A1 ënnerwee. Och hie gouf kontrolléiert a krut de Fürerschäin no engem positiven Alkoholtest op der Plaz ofgeholl.
Um 4.30 e Sonndegmoien ass enger Patrull vun der Police dann zu Greiweldeng e Chauffer opgefall, deen de Motor vu sengem Gefier haart opjäize gelooss huet. Wéi d’Beamten dëst doropshin ugehalen an de Mann kontrolléiert hunn, huet dësen op déi entspriechend Fro geäntwert, dass hie keen Alkohol gedronk hätt, ma den Test ass nawell positiv ausgefall. Dat nämmlecht war iwwerdeems beim Drogentest de Fall. D’Beamten hunn de Fürerschäin agezunn.
Schliisslech huet d’Police zu Esch-Uelzecht direkt zwee Chaufferen ugetraff, séi hannert dem Steier ageschlof waren. Dat eng Kéier um 5.45 Auer an eng Kéier um 6.30 Auer. Allebéid haten ze vill gedronk an hir Permise goufen deementspriechend agezunn.