Bankomat-Sprengung zu VeianenKee Geld geklaut, esou Police - gesicht gëtt no wäissem Mercedes Cabrio

Andy Brücker
Pit Everling
An der Rue de la frontière, direkt un der däitscher Grenz, war en Dënschdeg géint 4:25 Auer e Bankomat gesprengt ginn.
E Bancomat an der Rue de la frontière zu Veianen gouf gesprengt
Zu Veianen gouf géint 4:25 Auer e Bancomat gesprengt, gesicht gëtt no engem wäisse Mercedes Cabrio.

Sue goufen dobäi keng geklaut, huet eis entretemps d'Police confirméiert. Beim Bankomat hätt et sech ëm e mobillen Apparat gehandelt, deen nieft enger Tankstell installéiert war. Och wann den Apparat zerstéiert gouf, ass et den Täter also net gelongen, fir Sue matzehuelen.

D'Täter si weiderhin op der Flucht, dat huet de Policespriecher eis op Nofro matgedeelt An deem Zesummenhang gëtt dann elo och no engem wäisse Mercedes-Benz Cabrio gesicht, mat schwaarzem Verdeck. Um Auto ass d'Lëtzebuerger Immatrikulatiounsplack YQ8591. Déi Plack ass allerdéngs geklaut. Wien den Auto gesinn huet, soll sech wgl. direkt bei der Police um 113 mellen.

© Police

Et huet dräi Mol geknuppt, dat huet all Mënsch héieren, et war gewalteg, sot am RTL-Interview de Buergermeeschter vu Veianen François Weyrich. Déi, déi méi no bäi wunnen, hätten et och gesinn hell liichten. En Auto wär kuerz no 4 bei de Bancomat bäigefuer.

De Bancomat ass extrem vill benotzt ginn, sot nach de Buergermeeschter.

De Pit Everling mat Impressioune vun der Plaz

Um Dënschdeg de Moie waren e puer Policeunitéiten zu Veianen op der Plaz grad ewéi d'Police technique. D'Strooss huet wéinst dem Policeasaz musse gespaart ginn. Et gouf kee blesséiert. Géint 7:45 Auer gouf d'Strooss nees fir den Trafic opgemaach.

Dass eppes geschitt wier, huet een och um 5:30 Auer nach op der Autobunn A7 gemierkt, well dunn nach Polizisten an Zivilgefierer mat héijer Vitess Richtung Norde gefuer sinn, respektiv op der A7 Richtung Stad waren och Policegefierer op verschiddene Plaze positionéiert.

Géint 5:50 Auer war och den Helikopter vun der Police iwwert dem Kierchbierg ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO