Prisongsverwaltung deelt mat Zu Schraasseg gouf e Prisonéier dout a senger Zell fonnt

RTL Lëtzebuerg
Trotz enger Partie Versich konnt déi betraffe Persoun net méi reaniméiert ginn.
© Domingos Oliveira

Zu Schraasseg gouf en Donneschdeg de Mëtteg um 15 Auer e Prisonéier dout a senger Zell fonnt. Trotz enger Partie Versich konnt den Detenue net reaniméiert ginn.

Wéi et säitens der Prisongsverwaltung heescht, wier eng Autopsie ugefrot an d'Famill vum Verstuerwenen informéiert ginn. Souwuel den Ombudsman, den Direkter vum Prisong, d'Police, wéi och de CGDIS ware sur Place.

Back to Top
CIM LOGO