Familljeminister Max HahnZu Rodange geet eng "ideal" Flüchtlingsstruktur op

Jeannot Ries
An de leschte Méint gouf d'Flüchtlingspolitik vun der CSV-DP-Regierung deels ganz emotional kommentéiert.
Minister Max Hahn presentéiert ideal Struktur fir Flüchtlingen zu Rodange
An de leschte Méint gouf d’Flüchtlingspolitik vun der CSV-DP-Regierung deels ganz emotional kommentéiert.

Vun der geplangter Ëmsetzung vum europäesche Migratiouns- an Asylpakt, deen op Käschte vu fundamentale Rechter vun de Refugiée géif goen. Bis zur Kritik vum Zoustand vu verschiddenen Hebergementsstrukturen.

E Samschdeg huet den zoustännege Minister Max Hahn op Rodange invitéiert, fir eng a sengen Aen ideal Struktur ze presentéieren.

“Ech si virun eppes iwwert zwee Joer zoustännege Minister gi vun engem net ganz einfachen Dossier, géing ech ganz gäre soen. Wou ech awer frou sinn, dass mer Partner hunn, déi eis vill hëllefen, sief et an der Verwaltung selwer, an anere Ministèren, awer och Gemengen. An dat gesäit een dann och un deem Beispill wéi hei, wou mer et fäerdeg bruecht hunn, elo eng nei Struktur opzemaachen, eng Module-Baut, wéi mer se gär nennen. An där klengster Ausféierung vun 30 Better, a wou mer einfach gesi vun der Raum-Opdeelung hier, vum Kache selwer op der Plaz, den Encadrement social, deen hei ugebuert gëtt, de Gardinage op der Plaz, dat ass eppes, wéi ech mer et virstellen.”

Vum 4. Mee u sollen am dräi Stäck héije Gebai, zu Rodange op der Grenz, 29 Persounen en Ënnerdaach fannen. Käschtepunkt: 3,6 Milliounen.

Eng Struktur wéi se an alle Gemengen iwwer Land entstoe sollen

Dofir pilgert de Minister den Ament vu Schäfferot zu Schäfferot, vu Gemengerot zu Gemengerot, mat éischten Erfolleger.

“Mir sinn elo grad am Bau zu Wolz mat dräi Strukturen. Zu Nidderaanwen hate mer elo d’Biergerversammlung fir zwou nei Strukturen. Käerjeng wäert elo eng am November opgoen. Dat just zu deene Strukturen, wou mer genau déi hei Typologie wäerten iwwerhuelen, wou et scho sprochräif ass.”

Strukturen, déi net wéi Champignonen aus dem Buedem schéissen. Am Idealfall dauere Prozeduren a Bau op d’mannst zwee an en halleft Joer. Eréischt duerno kann dru geduecht ginn, al Strukturen zou ze maachen. Woubäi zum Beispill 34 där klenger Gebaier néideg sinn, fir eng grouss Struktur wéi de Bâtiment T um Kierchbierg zouzemaachen. Op engem Ament, wou 98% vun den 8.400 Better beluecht sinn.

Fir de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf ass an dëser delikater Diskussioun eent wichteg, wat d’Akzeptanz ubelaangt.

“Dat läit vill dorun, well net genuch Transparenz oft do ass, wat dat bedeit, esou eng DPI -Struktur ze hunn oder keng ze hunn. An doduerch mengen ech, kann ee vill maachen, wann een transparent kommunikéiert. Wéi zum Beispill mir als Gemeng haut gesot hunn, all Bierger déi wëlle kënnen hei an déi Struktur kucke kommen, wéi déi ausgesäit. Da weess een och, vu wat ee schwätzt.”

“Lëtzebuerg kann net alles opfänken”

De Minister Hahn bleift bei senger Ausso. A vum éischten Dag un, wou d’Leit hei ukommen, misst een hinnen d’Wourecht soen.

“Hei falen d’Suen net vum Himmel an dofir muss ee sech vum éischten Dag un hei enorm ustrengen. D’selwecht wéi all déi aner Bierger dat hei zu Lëtzebuerg maachen. An engem Land, wou mer wëssen, dass héich Liewenskäschte sinn, héich Wunnkäschten, muss ee sech grad als Refugié, deen dacks d’Sprooch oder d’Sprooche vum Land nach net kennt, muss ee sech eigentlech vum éischten Dag u motivéieren.”

De Statut vum Refugié bis accordéiert, géif et just ee Rezept, fir aus der Struktur eraus ze kommen: Schaffe goen. Dofir wier dës Woch am Regierungsrot e Gesetzestext op den Instanzewee geschéckt ginn, wou den Zäitraum, an deem eng Persoun, déi Schutz sicht, däerf schaffe goen, vu 6 op 4 Méint erof gesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO