Restrukturatioun bei Mediamarkt/SaturnZu Lëtzebuerg gi keng Aarbechtsplazen ofgebaut, sou den OGBL

RTL Lëtzebuerg
D'Aktivitéiten am Benelux ginn ëmorganiséiert, wouduerch och 450 Plazen ofgebaut ginn. Lëtzebuerg soll dovunner awer net betraff sinn.

Am Kader vun der Restrukturatioun bei Mediamarkt/Saturn, déi schonn am August ugekënnegt gouf a weltwäit ronn 3.500 Aarbechtsplaze concernéiert, confirméiert den OGBL um Mëttwoch de Moien an engem Communiqué, dass zu Lëtzebuerg keng Aarbechtsplaze wäerten ofgebaut ginn.

PDF: Pressecommuniqué vum OGBL (21.10.2020)

Back to Top
CIM LOGO