
An der Nuecht op e Sonndeg gouf géint 2.40 Auer eng Persoun gemellt, déi an der Rue Karl Marx zu Diddeleng mat engem Messer verwonnt ginn ass. Direkt e puer Policepatrulle sinn op d’Plaz gefuer. D’Affer gouf behandelt an dunn an d’Spidol bruecht.
Éischten Informatiounen no gouf de Blesséierte vun zwou Persounen ugegraff, woubäi ee vun den Täter d’Affer mat engem Täschemesser um Uewerschenkel verwonnt huet. Am Kader vun der Enquête konnt ee presuméierten Täter gestallt ginn.