
Zu Déifferdeng an der Uewerkuererstrooss gouf der Police eng Persoun gemellt, déi eng Schosswaff an e Messer bei sech sollt hunn. Eng Patrull koum op d'Plaz a konnt d'Persoun kuerz Zäit méi spéit an der Rue Menager erëmfannen. Si hat dann effektiv eng Schosswaff an e Klappmesser, esou wéi aner Waffe bei sech. Bei der Schosswaff hat d'Persoun uginn, datt dëst eng Attrapp wier. De Verdächtege koum fir weider Amtshandlunge mat op de Policebüro, d'Waffe goufen all saiséiert en a Protokoll gouf erstallt.
An de Passagearrest koum dann eng Persoun, déi e Sonndeg kuerz no 15 Auer der Police am Garer Quartier an der Stad gemellt gouf, well se hei eppes an engem Geschäft geklaut soll hunn. Op d'Plaz hunn d'Beamte de presuméierten Déif festgeholl. Dësen hat däitlech ze déif an d'Gas gekuckt an hat doduerch grouss Schwieregkeeten, sech ausdrécken, respektiv sech op de Been ze halen. Well hie fir sech an anerer als eng Gefor agestuuft gouf, hat de Mann e kuerze Rendez-vous bei engem Dokter, éier hien an de Passagearrest koum.
Kuerz virdru krut d'Police gemellt, datt zwee Jugendlecher an der Rue Nicolas Martha zu Bouneweg eng Posch duerchsicht hunn, éier se dës ewechgehäit hunn. Am besote Container konnten d'Beamten d'Posch och erëmfannen an d'Besëtzerin vun dëser kontaktéieren. Dës hat de Beamte géintiwwer uginn, datt hir Posch kuerz virdrun aus hirem Auto geklaut gi war. Am Kader vun der Sich konnten déi zwee Verdächteg kuerz drop an der Rue du Couvent um Houwald lokaliséiert an ugetraff ginn. Bei hinne goufen dann och d'Bancomatskaarte vun der geschiedegter Fra fonnt. Si koume fir weider Amtshandlunge mat op de Policebüro, e Protokoll gouf erstallt.
Um fréie Méindeg de Moie kuerz viru 6 Auer gouf d'Police geruff, well zu Hiefenech op e Chantier agebrach gi war. Dobäi hunn déi Onéierlech verschidden Aarbechtsgeschier a Kofferkabele geklaut. D'Ermëttlunge lafen.