Valorlux-bloe SakZousätzlech Zorte Plastik-Emballagen erlaabt

RTL Lëtzebuerg
An déi blo Recyclingstut vun der Valorlux dierf ee geschwë landeswäit och Dëppercher, Tuten, Barquetten, Becheren a Folie geheien.
Méi Plastiksemballagen an de bloe Sak
An déi blo Recyclingstut vun der Valorlux dierf ee geschwë landeswäit och Dëppercher, Tuten, Barquetten, Becheren a Folie geheien.

Déi néideg Sortéiermaschinn heifir ass schonn zanter 2 Joer op der Musel a Betrib. An engem grousse Pilotprojet mat de 46 Sidec-Gemenge koum eraus, datt duerch déi zousätzlech erlaabten Emballagen an der bloer Tut 37% méi Verpakunge gesammelt goufen. Landeswäit géif dat e Plus vu 4.000 Tonnen ausmaachen, erkläert de Claude Turping, Direkter vun der Valorlux. Dorënner wieren eng 13% Emballagen, déi net oder hei an Europa nach net recyclabel sinn.

Zuelen, déi am Toleranzberäich leien. An Zukunft soll awer weiderhin e Monitoring gemaach ginn, fir d’Recycling-Qualitéit vun der Sammlung aus dem bloe Sak am A ze halen, seet d’Carole Dieschbourg. D’Ëmweltministesch ënnersträicht och, datt et sech hei ëm eng liicht Ëffnung vum bloe Sak handelt. Et wéilt een net de Wee vum giele Sak an Däitschland goen, wou d’Leit all Zorte Plastik dra geheien dierfen an den Taux de Recyclage dowéinst erwisenermoosse schlecht wier.

Ier een elo déi zousätzlech Emballagen an de bloe Sak geheien dierf, muss den Agrement mat der Valorlux geännert ginn. An d’Asbl brauch den Accord vun de Gemengen. D’Resonanz wier awer bis ewell ganz positiv. De Claude Turping geet dovunner aus, datt een an den nächste Wochen Detailer iwwer d’Opmaache vum bloe Sak annoncéiere kann. Fir de Surplus u gesammelten Emballage kënnt d’Valorlux op. Bei där een iwwregens déi blo Tuten och online gratis bestellen kann.

Méi Plastik sammelen, wier awer just eng Pist, seet d’Ëmweltministesch. Mam Ausbau vun de sougenannte Ressource-Zentere sollen d’Bierger komplementar Léisunge gebuede kréien. An et soll verstäerkt op Offall-Vermeidung gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO