
An de leschte Wochen ass et ëmmer nees virkomm, datt et op eenzele Pompelstatiounen zu Lëtzebuerg zäitweis eng Zort Sprit net méi gouf. D'Erklärung dofir wier ënner anerem den nidderege Waasserstand vum Rhäin, deen d'Liwwerung vu Pëtrolsproduite staark beaflosst. De President vum Groupement Énergies Mobilité Luxembourg (GEML) Eric Bleyer berouegt awer a sot am RTL-Interview, dass et aktuell kee strukturelle Versuergungsproblem zu Lëtzebuerg géif ginn.
“Also Enkpäss hu mer am Moment guer keng zu Lëtzebuerg, Produit hu mer méi wéi genuch. Wat mer allerdéngs hunn, ass dass eis Liwwerkette vill méi laang sinn am Moment, well d'Schëffer déi verschidden Depoten net méi kënne beliwweren. Dat heescht, d'Acteure mussen alternativ Transportweeër en place setzen. Deelweis mussen d'Camionen zwee oder dräi Mol d'Strecke fueren.”
Déi grouss Majoritéit vu Lëtzebuerger Tankstelle wier permanent beliwwert gewiescht. Wann et mol vereenzelt virkënnt, dass et op enger Plaz eng Zort Sprit net méi gëtt, wier dat nëmme fir e puer Stonnen, esou den Eric Bleyer.
Déi zousätzlech Käschten duerch déi méi laang an ugepassten Transportweeër wäerte keen Impakt op de Präis op der Pompel hunn. Zu Lëtzebuerg gëtt de maximale Spritpräis op Basis vun den internationale Pëtrol-Cotatiounen an dem Cours vum Dollar berechent.
“Dat heescht d'Käschten, déi huelen d'Pëtrolsgesellschaften op sech.”