Wie kennt dës Leit?Zeienopruff wéinst Portmonni-Déif am Raum Dikrech

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no zwou Persounen, eng Fra an e Mann, déi schonn am Februar zu Dikrech Portmonnien aus engem Hotel geklaut hunn.

Mat de geklaute Bankkaarten hunn déi zwee direkt e puer mol an verschiddene Geschäfter kontaktlos bezuelt.

Dës Persoune kéinten nach fir änlech Strofdoten a Fro kommen.

All Informatiounen iwwer d'Identitéit vun de Persoune geet un d'Police vun Dikrech a Veianen um 244 80 1000.

Back to Top
CIM LOGO