De 6. Mäerz géint 12.30 AuerZeienopruff no Accident op der Cloche d'Or

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg, de 6. Mäerz koum et géint 12.30 Auer op der Kräizung Boulevard de Kockelscheuer an der Rue de Kockelscheuer zu engem Accident.
© RTL-Grafik

Am Zesummenhang mat dësem Accident sicht d'Police no Aenzeien. Beim Accident war et zu enger Kollisioun tëscht engem schwaarze BMW 4er an engem bloen Honda Jazz komm. Béid Chauffeuren hunn uginn, datt si Gréng haten, ier si iwwert d'Kräizung gefuer sinn.

Well e puer Persounen op der Plaz waren, wéi et zum Accident komm ass, freet d'Police déi Persounen, déi Hiweiser zum Accident kënne ginn, sech bei der Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244-40-1000 oder per Email Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO