PoliceZeienopruff no Accident mat Farerflucht zu Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Dat Ganzt war schonn den 31. Mäerz géint 19 Auer an der Route de Zouftgen zu Diddeleng. Do war et zu engem Accident mat Materialschued komm.
© RTL Archiv

Ee vun de Bedeelegten huet sech duerch d'Bascht gemaach. Hien ass a Richtung Autobunn geflücht, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Zeie solle sech bei der Diddelenger Police ënnert der Nummer (+352) 244 69 1000 oder via E-Mail (Police.DUDELANGE@police.etat.lu) mellen.

E Méindeg de Moien da war der Police eng verdächteg Persoun zu Waarken gemellt ginn. De Mann war géint 9.30 Auer an der Strooss "Bei de Buchen" ënnerwee an huet u verschiddenen Autosdiere vun ofgestallte Gefierer geklenscht. An ee Won ass hie geklommen an huet en duerchwullt. No enger Sichaktioun gouf déi verdächteg Persoun fonnt. Eng Iwwerpréiwung huet erginn, dass en Areesverbuet an de Schengenraum bestoung. De Procureur an d'Fremdenpolizei sinn a Kenntnis gesat ginn. De Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO