PoliceZeienopriff no brutalen Iwwerfäll

RTL Lëtzebuerg
Zu dräi Iwwerfäll, bei deenen d'Affer mat engem Messer bedreet goufen, koum et e Sonndeg zweemol zu Esch an eng Kéier an der Stad.
© RTL-Grafik

E Sonndeg koum et géint 17.15 Auer zu Esch an der Rue de Luxembourg zu engem gewalttätegen Iwwerfall. An engem Schoulhaff am Véierel Lalleng goufen dräi Jugendlecher vun engem Grupp jonke Männer iwwerfall a mat engem Messer menacéiert. Ee vun de Jugendleche hinne gouf un der Hand blesséiert.

Dräi vun de véier Verdächtege goufe kuerz nom Iwwerfall net wäit vum Tatort ewech vun der Police fonnt a mat op de Büro geholl. Kuerz drop konnt e weidere Verdächtegen op engem Parking an der Rue Caspar-Mathias Spoo zu Schëffleng gestallt ginn. Well hien d'Befeeler soll ginn hunn, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter. Géint déi véier Verdächteg gouf eng Plainte gemaach.  
Tëscht 16.15 a 17.15 Auer koum et e Sonndeg zu engem weideren Iwwerfall zu Esch. Och hei war e Messer am Spill. Um Kierfecht St. Joseph goufen dräi Jugendlech vun engem Grupp jonke Männer iwwerfall a mat engem Messer menacéiert. Si kruten hir Wäertgéigestänn geklaut.

Déi jonk Déiwe si mat zwou Jacketten an zwee Handye geflücht. Déi dräi Jugendlech goufen net blesséiert an hunn eng Plainte gemaach.

Täterbeschreiwung:

1. Jugendleche mat donkelem Teint, 16-18 Joer al, vu korpulenter Statur, 1,70m grouss, hat eng schwaarz Jackett vun der Mark Moncler an eng Posch vun der Mark Gucci un.

2. Jugendleche mat donkelem Teint, vun dënner Statur, 1,85m-1,90m grouss, hat eng schwaarz Jackett mat enger Kaputz, eng schwaarz Joggingsbox an eng schwaarz Mask un.

3. Jugendleche mat hellbrongem Teint, 1,85m-1,90m grouss, hat eng schwaarz Jackett mat enger Kaputz, eng schwaarz Joggingsbox an eng schwaarz Mask un.

Méiglech Hiweiser zu de Verdächtege si fir d'Police vun Esch, dat per Telefon (+352)244501000 oder iwwer Email police.esch@police.etat.lu.

E weideren Iwwerfall mat engem Messer gouf et e Sonndeg géint 15.15 Auer an der Stad. Wärend e Jugendleche beim Funiculaire gewaart huet, gouf hie vun zwee jonke Männer no enger Zigarett gefrot. De Jugendlechen ass deem Wonsch awer net nokomm. Nodeems déi dräi Persounen an der Seelbunn waren, gouf de Jugendleche vu béide Männer bedrot an opgefuerdert, fir hinne seng Wäertsaachen ze ginn. De Jugendleche wollt dat net direkt maachen, ma wou en du mat engem Messer menacéiert gouf, huet hien et dunn awer gemaach. Um Kierchbierg huet de Jugendlechen den Täter och nach misse privat Donnéeë ginn.

Déi zwee Täter sinn nom Iwwerfall a Richtung Lampertsbierg geflücht.

Eng Plainte gouf gemaach.

Täterbeschreiwung:

1. Jonke Mann mat donkelem Teint, "Zahnlücke", hat e schwaarzen Jogging, eng schwaarz Jackett ouni Pelz vun der Mark Canada Goose a schwaarz-gro Nike Air Max Schong un. Hien huet Lëtzebuergesch geschwat.

2. Jonke Mann mat hellbrongem Teint, 1,85m, hat eng schwaarz Joggingsbox, schwaarz Sneakeren an eng Jackett ouni Pelz vun der Mark Canada Goose un. Hien huet och Lëtzebuergesch geschwat.

All Hiweiser zu de méiglechen Täter si fir d'Police aus der Stad, dat iwwer Telefon (+352)244401000 oder per E-Mail police.luxembourg@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO