
D'nächst Joer soll zu Iechternach op d'mannst den éischten Deel vun engem Shopping Outlet opgoen. Dat gouf an der rezenter Gemengerotssëtzung vun der DP-LSAP-Koalitioun ënnerstrach an deementspriechend goufen och siwe Contrats de bails ugeholl, déi et Markegeschäfter aus de Beräicher Outdoor a Sport erlabe sollen, sech Mëtt 2027 zu Iechternach ze installéieren. Nieft der Majoritéit gëtt de Projet och vun der CSV matgedroen. Just déi zwee Conseillere vun deene Gréngen hu géint d'Kontrakter gestëmmt. En Donneschdeg hu si op enger Pressekonferenz esouguer dovu geschwat, datt de Projet sou gutt wéi dout wier.
Dat géing virop d'Tatsaach beleeën, datt den externe Beroder, deen d'Gemeng beim Projet ënnerstëtzte sollt, op den 1. Mäerz gekënnegt huet. Den Thomas Immelmann, deem seng Firma hire Sëtz zu Hamburg huet, huet dee Schratt an engem Bréif un d'Gemeng domadder begrënnt, datt hien net méi un de Succès vum Projet gleewe géing, well d'Viraussetzungen net erfëllt wieren. Sou géing et zum Beispill u Budget an un den néidege Geschäftsfläche feelen. Dem Businessplang vum Projet no ginn 3.000 Quadratmeter gebraucht, aktuell huet d'Gemeng der awer réischt 1.600 beieneen. Bei de Marke géing et esouguer nach méi schlecht ausgesinn, esou de grénge Conseiller Christophe Origer.
"Mir hunn eng eenzeg Mark, déi säit 2018 eng, wéi si dat nennen, reng Absichtserklärung ënnerschriwwen huet, ouni iergendeng Verbindlechkeet. Dat heescht, och beim Volet Marke si mer wäit ewech vun deem, wat soll sinn. Jo, mir ware mat ville Marken a Kontakt a mir hu Besichtegunge gemaach, mee do ass säit 2018 néierens eppes Konkretes dobäi rauskomm." Wéi eng Mark déi Absichtserklärung ënnerschriwwen huet, wier net gewosst, et hätt ee just gesot kritt, datt et keng aus "der éischter Rei" wier. Ganz duusster géing et iwwerdeems bei den Investisseuren ausgesinn, wou een nach guer keen hätt.
Datt de Beroder elo gekënnegt huet, géing een zwar engersäits gutt fannen, well ee jo souwisou vun Ufank un net un de Projet gegleeft hätt, ma gläichzäiteg:
"Deet et eis wéi, well et immens vill Sue kascht huet. An dat ass och dat, wat mer kritiséiert hunn. Déi Beroderfirma ass vu Joer zu Joer agestallt ginn, all Kéier krut se ee Kontrakt, wou déi Persoun 1.275 Euro den Dag bezuelt kritt huet. Esou komme mer Alles an Allem op ongeféier 1,6 Milliounen Euro, déi lo d'Gemeng un déi Beroderfirma bezuelt huet. An déi Kontrakter waren ëmmer ouni iergendeng Vorbehalter, ouni iergendeng Ofsécherung fir d'Gemeng, sou datt et lo och konnt geschéien, datt e vun engem Dag op deen anere konnt soen, ech ginn." De Kontrakt hätt zudeem géint d'Gesetz vun de Marchés publics verstouss, well de Poste vum Beroder net korrekt ausgeschriwwe gi wier. Vum Schäfferot hätt ee gesot kritt, datt elo eng Leasingsexpertin vu Wien, mat där d'Gemeng schonn zanter 2023 ee Kontrakt huet, d'Aufgab vum Thomas Immelmann iwwerhëlt. Bei deene Grénge vun Iechternach ass ee par contre der Meenung, datt ee ganz op international Beroder verzichten an op lokal Acteure setze sollt.
Och beim Iechternacher Geschäftsverband huet een de Projet vum Shopping Outlet vun Ufank un zimmlech kritesch gesinn, wéi d'Sekretärin Stephanie Weidenaar erkläert.
"Mir hu ganz vill Geschäfter, déi scho laang do sinn a mir wéilten net, datt déi Marken eis Geschäfter kannibaliséieren. Mir wëssen, datt bei Outlets ganz oft Schnäppchenjäger kommen an do haten eis Geschäftsleit eben Angscht, datt op eemol kee méi an hir Geschäfter geet. Do krute mer versprach, mir géingen agebonne ginn, a leider, wéi laang si mer lo amgaangen, 8 Joer, si mer ganz ganz wéineg agebonne ginn, mir sinn informéiert ginn." Déi Suen, déi bis elo an den Outlet gestach goufen, am Ganze ronn 3 Milliounen Euro, hätt d'Gemeng besser doranner investéiere sollen, fir de Geschäftsleit beim Loyer entgéint ze kommen. Dee sollt ee gudde Krack méi niddreg ugesat an dann no an no no uewen ugepasst ginn.
Aus Transparenzgrënn sief ernimmt, datt den Iechternacher Geschäftsverband u senger Spëtzt nawell zimmlech gréng gefierft ass. D'Stephanie Weidenaar war schonn e puer Mol mat deene Gréngen an d'Gemengewalen an de President vum Geschäftsverband ass keen anere wéi de grénge Conseiller Christophe Origer.