Elleng hei zu Lëtzebuerg ginn an der Moyenne ronn 120 Kilo op de Kapp op ee Joer ewechgehäit.
Dat sinn Zuelen, déi een erféieren an déi muncher een dozou bréngen, fir aktiv eppes dorun ze änneren. D'ASBL Foodsharing Lëtzebuerg maachen dat a setze sech géint Liewensmëttelverschwendung an, dofir invitéiere si dann och dräi mol d’Woch op hir sougenannten „Distribution Days“.
Um Méinden Owend war zu Beefort de Rendezvous. Hei ginn dann all méiglech Liewensmëttel verdeelt, Iesswueren, déi normalerweis an der Poubelle gelant wieren a sou eng zweet Chance kréien.
