
Op der Plëss fënnt een an deem Kader nach de ganze Weekend e Pavillon. Vum Bäerdrefer Kéis iwwert den Téi vum Séi kann ee sech op verschidde Stänn duerch d’Produiten schmaachen. An den Undrang un de Stänn ass grouss. D’Touriste weise sech éischter iwwerrascht iwwert déi grouss Auswiel u Produiten. Fir dass d’Touristen dës och besser kenneléieren, wëll den Tourismusministère eng Palett un Offeren ubidden, wéi zum Beispill lokal Mäert. Agebonne ginn dann och d’Produzenten. Fir de Michel Freichel vun den Ourdaller ass dat eng gutt Geleeënheet, méi Visibilitéit fir d’Produiten ze kréien. Normalerweis kritt een déi ganz Palett u Produiten nämlech nëmmen online oder am regionale Buttek. An der Stad op der Plëss géing een eng ganz nei Clientèle gesinn, déi immens interesséiert wier, esou den Ourdaller.
Duerch lokal produzéiert Iesswueren oder natierlech och d’Wäiner an d’Cremantë vu Lëtzebuerg ginn Traditiounen erhalen an den nohaltegen Tourismus gefuerdert. Dat sot den zoustännege Minister Eric Thill op der Pressekonferenz fir de Lancement vun der Touristesaison. Woubäi et sech an de leschte Joren ëmmer méi géing confirméieren, esou nach de Minister, dass et keng kloer definéiert Saison méi gëtt. Och am Wanter, besonnesch ronderëm d’Chrëschtdeeg, ginn ëmmer méi Touristen hei am Land gezielt. Och Wanderen am Hierscht wier besonnesch beléift.
Trotz de sëllege Krisen uechter d’Welt an der Präishausse bei de fossillen Energië géing een optimistesch op de Summer kucken, esou nach den delegéierten Tourismusminister. Lëtzebuerg wier eng sécher Destinatioun a virun allem beléift bei eisen Noperen aus Däitschland, Frankräich an der Belsch. Fir Leit, déi aktuell wéinst der Weltlag net wëlle wäit reesen, wier de Grand-Duché eng gutt Alternativ. Bei de Campinge gi schonn 11 Prozent méi Reservatioune gezielt wéi zejoert an der nämmlechter Period. Online ginn d’Hoteller hei am Land 15 Prozent an d’Flich 9 Prozent méi dacks gesicht wéi 2025.
Wat d’Hoteller ugeet, esou wier d’Haaptsuerg bei de Professionellen d’Betribskäschten. D’Margë géingen ëmmer méi kleng ginn. Ma et misst een awer och soen, dass obwuel et hallef esou vill Hoteller gëtt nach 1990, esou hunn déi ronn 200 Etablissementer, déi aktuell gezielt ginn, duebel esou vill Better. D’Hebergementer ginn also méi grouss, betount de Minister Eric Thill. Mat enger Auslaaschtung vu 75 Prozent, wier een och op enger héijer Moyenne stabel.
D’Touristen hei am Land bleiwen awer weiderhin haaptsächlech aus den Nopeschlänner. Bei de Leit, déi just fir en Dagesausfluch an de Grand-Duché kommen, gouf d’lescht Joer dann eng däitlech Hausse vun 11 Prozent par Rapport zu 2024 verzeechent. Dëse Plus kéint een dem Tourismusministère no dëst Joer souguer nach iwwertreffen.