Background am Gespréich (7. Mäerz)Wou stinn d’Fraerechter haut? De Kampf ëm d’Selbstbestëmmung

Annick Goerens
E Samschdeg sinn d'Kim Esteves, d'Claire Schadeck, d'Dr. Yolande Wagener an d'Dr. Michèle Kayser-Wengler eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Dës Woch gouf d’Fräiheet fir Ofdreiwung an der Lëtzebuerger Verfassung verankert. Een historesche Schrëtt. Wat bedeit dat konkret fir Fraen an hir Rechter am Alldag? Wou ginn et weiderhi strukturell Ongläichheeten tëscht de Geschlechter? A wat muss geschéien, fir dass mer an Zukunft net dauernd mat grujelegen Nouvellë vun den Epstein-Files bis bei de Fall vum Gisèle Pelicot musse liewen?

Am Virfeld vum Internationale Fraendag diskutéiere mer doriwwer mat der

  • Kim Esteves vum Planning Familial
  • Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender
  • Dr. Yolande Wagener vun Médecins du Monde
  • a mat der Dr. Michèle Kayser Wengler, Presidentin vu Pro Familia

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO