“Bleift all doheem”, dat ass de Message, deen d’Regierung net midd gëtt, ëmmer nees ze widderhuelen. Fir verschidde Leit ass dat awer net méiglech, well si keen Doheem hunn, mee op der Strooss liewen. Wou komme si ënner, wéi kréie si z’iessen, elo wou keng Iess- an Drénklokaler méi dierfen op sinn?
Zanter en Dënschdeg huet d’Stëmm vun der Strooss ëmgestallt. Wéinst de Krise-Virschrëften dierfen d’Clienten net méi eran, dofir gi Plate fir matzehuelen an der Entrée gratis verdeelt. Dat vun den Educateuren an Assistants sociauxen, d’Leit aus de Beschäftegungsmesuren dierfen nämlech net méi schaffen.
Haut gouf et Gulasch mat Gromperen a Wuerzelen, eng Fläsch Waasser an eng Schmier.
Tëscht 250 an 300 Plate ginn esou dagdeeglech bei der Stëmm an der Stad iwwer d’Théik. Fir Mënschen ouni Doheem, vun deene munch ee sech an der Coronakris vergiess fillt.
Anonym: Do hat ech dem Här Bettel seng Ried do nogelauschtert, do ass keen SDF gefall, guer näischt, wat se da géife mat eis maachen. - Fillt Dir Iech e bësse vergiess? - Komplett, komplett vergiess!
Bei der Stëmm, grad esou wéi an den anere soziale Caféen, gëtt et just nach Take Away, Geleeënheeten, fir sech bannen opzehalen oder Aktivitéiten, ginn et keng méi.
Christian Pütz: "Jo mee wat ass mat deene Leit vun der Strooss, wou ginn déi dann Daags iwwer hin?"
Och wier et net einfach, Plazen ze fannen, fir op d’Toilette ze goen oder d’Hänn ze wäschen. Wat jo den Ament ëmsou méi wichteg ass.
Schlofgeleeënheeten am Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun sinn zwar nach op, ma och do stellen déi Obdachlos sech Froen.
Christian: "Lo hu mer am Prinzip nach bis den 30. Mäerz, wou d’Wanteraktioun op ass a wat ass dann?"
Fir d’Ekipp vun der Stëmm vun der Strooss ass et och keng einfach Situatioun. Jidderee muss polyvalent sinn. Maske wieren zwar bei der Santé an der Arméi ugefrot, awer nach net ukomm. Ma et probéiert een dat Bescht aus der Situatioun ze maachen an de Leit esou gutt et geet entgéint ze kommen.
Alexandra Oxacelay - Stëmm vun der Strooss: "Mir sinn am gaangen ze iwwerleeën, wéi mer et kënne maachen, fir d’Leit awer nach eran ze loossen. Fir hinnen awer nach kennen d’Méiglechkeet ze ginn sech ze duschen, op d’Toilette goen, maache se esou wéi esou... Mir haten eng Persoun, déi ass zu Esch agebrach, an der Nuecht ass se dusche komm."
Am Courage zu Bouneweg kënnen d’Leit aktuell zwar nach duschen an och hir Kleeder wäschen, mee dat wësse vill vun de Betraffenen net. Den Informatiounsfloss muss deemno verbessert ginn, well et stelle sech nach vill weider Froen och fir déi Professionell aus dem Secteur.
Alexandra Oxacelay: "Ech fannen di hei Kris ass fir si ëmsou méi en Thema, well se jo souwisou scho vulnerabel sinn. An ech froe mech: wou gi se hin? Wou gi se isoléiert? Wou ginn déi Leit behandelt, déi keng Krankekeess hunn. Do sinn nach vill Fragezeichen, jo."