D’Schoulfoire zitt sech duerch dräi verschidden Halle vun der Luxexpo. Fir déi Jonk aus dem Fondamental gëtt et de Lycée Village: eng Plaz, déi d’Lycéeën aus de véier Regioune regroupéiert.
Den éischten Dag vun der Foire ass fir de Grand Public, dat heescht Elteren a Kanner konnten d’Stänn zesummen entdecken. Hei géifen d’Leit éischter generell Froe stellen: wat den Ënnerscheed zu aner Lycéeë meescht zum Beispill. Et géifen awer och verschidde Leit ginn déi méi konkret Froe stellen. Dat wieren zemools déi, déi scho Schnuppercoursen am Lycée gemaach hätten, erkläert d’Claudine Bley aus dem Escher Jongelycée.
Et ware vill Jonker aus dem Cycle 4.1, dem fréiere 5. Schouljoer, mat hiren Elteren do, fir schonn ze kucken, wou et fir de Secondaire higeet. Verschidde Schüler hunn do scho ganz konkret Iddien.
Niewent dem Lycée Village ginn et awer och nach iwwer 20 verschidden Ateliere vum Skript. D’Kanner sinn invitéiert, déi verschidde Berufflech Beräicher op eng spilleresch Aart a Weis kennenzeléieren. Hei fënnt een och zu Beispill d’Uni.lu, déi de Kanner duerch ee klengt Experiment och d’Wëssenschafte méi no wëll bréngen. Et wier wichteg déi nächst Generatioun u Fuerscher erunzewuessen an d’Kanner géifen och bezwecken, dass dat, wat si iwwert d’Ëmwelt léieren, den Eltere weider ze ginn, esou de Joachim Hansen vun der Uni Lëtzebuerg.
Iwwert déi dräi Halle verdeelt ginn 9 verschidde Formatiounswelte presentéiert, vun Ekonomie, Finanzen a Verkaf bis zu Gesondheet an Ästhetik ass alles ze fannen. An et kënne bekannte Beruffer wéi de CGDIS erafalen, mee och Nische-Beruffer wéi Make-up Artist sinn op der Foire present. Esou Evenementer wieren immens wichteg, fir de Beruff vu Make-up-Artist un déi Jonk ze bréngen. De Make-up Artist, Luca De Michele, hätt sech gewënscht, dass hie fréier als Schüler och d’Méiglechkeet gehat hätt, säi Beruff gewisen ze kréien.
Wärend der Foire sinn ënnert anerem d’Finalle vun der Lëtzebuerger Legoleague an der vun de Luxskills. D’Schoulfoire geet nach bis den 22. Abrëll, wou ofwiesselnd de Publik an d’Schoulen dovunner profitéiere kënnen:
Weider Informatiounen zu Schoulfoire fannt Dir op: https://schoulfoire.lu/