PrisongWisou gi just d'Prisonéier an net och d'Personal geimpft?

RTL Lëtzebuerg
D’Association des Agents Pénitentiaires huet kee Versteesdemech fir d'Impfstrategie am Prisong.

Déi Responsabel vun der AAP stellen d'Fro, firwat nëmmen d'Prisonéier solle geimpft ginn an net dat ganzt Personal. Dobäi hätten d'Direktioun an de Justizministère sech nach genee dofir agesat, ma hätte kee Gehéier fonnt.

An engem Prisong wieren op enkem an zouenem Raum vill Mënsche beieneen, argumentéiert d'Associatioun. D'Decisioun vun der Santé wier bedenklech fir d'Sécherheet. Wa vill Personal ausfält, kéint een net einfach zoumaachen.

De Communiqué vun der AAP

D’Association des Agents Pénitentiaires krut mat bedauere matgedeelt dat d’Impfstratégie am Prisong nëmmen d’Detenuen an net dat ganzt Personal abegräift. Obwuel ons Direktioun an onse Ministère mat den néidegen a richtegen Argumenter eng Impfung fir all Mënsch an dësem Milieu-clos wollten erreechen, gouf hir Ufro leider net zeréckbehalen. Mir als Associatioun sinn der Meenung dat mir wéi en Alters- a Fleegeheem misste gehandhaabt ginn, well de Prisong per Definitioun vill Mënschen op enkem an zouenem Raum beherbergt. Op der enger Säit hu mer Deels vill vulnerabel Detenuen duerch hire “Vécu”, op der anerer Säit hu mer Personal wat eran- an erausgeet, a Stonnen op enkstem Raum mat den Detenuen zesummelieft a schafft. Mier halen des Entscheedung fir extrem Secherheetsbedenklech, ëmmerhi kann ons Administratioun bei méiglechem Personalausfall net einfach seng Dieren zoumaachen.

Fir de Comité vun der AAP
DJENNAS Samir
Président

Back to Top
CIM LOGO