An de leschten Deeg ass dacks widderholl ginn, dass ee soll doheem bleiwen. Ma elo ginn et dann och Sanktiounen, fir Leit, déi sech onnéideg deplacéieren oder mat Persounen, déi net zum nämmlechten Haushalt gehéieren, ënnerwee sinn. Mä wisou ass et esou wichteg, de Kontakt mat anere Leit ze meiden an Distanz ze halen? An wéini gesi mir d'Resultater vun dëse Mesuren?
Elo ass "Social Distancing" ugesot. Dat bedeit eidel Stroossen, eidel Restauranten a Caféen.
Wann sech d'Leit awer nach ëmmer dobaussen treffen, ass der Saach net gehollef. An de Virus kann sech weider verbreeden.
De Robert Koch Institut aus Däitschland geet dovunner aus, dass all infizéiert Persoun am Schnëtt 2 bis 3 weider Persounen ustécht. Dat wann guer keng Precautioune geholl ginn.
D'Zil ass et, dass d'Zuel vun den infizéierte Leit esou lues et geet klëmmt. Da kënne Persounen nees gesond ginn, ier aner Leit de Virus kréien.
Wann sech awer elo nëmmen e puer Leit un déi aktuell Consignen halen, geet d'Zuel vun den Infektiounen zwar manner séier erop, ma awer ass dës Zuel ze héich par rapport zu deene Leit, déi nees geheelt sinn.
Dës Leit sinn awer wichteg, well ee vun enger Immunitéit ausgeet. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert: „Et kann een dovunner ausgoen, dass eng gewëssen Immunitéit do ass. Mä dat gesi mer d’nächst Joer, wann de Virus laanscht ass. Et ass e neie Virus an et ass schwéier doriwwer eppes ze soen. Wann et ass, wéi et an der Famill vun dëse Viren normal ass, da wier et och normal, dass eng gewëssen Immunitéit do ass.“
Hält sech jiddereen un d’Consignen an d’Deplacementer ginn op e Minimum reduzéiert, da verhënnere mir all eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem: „A ce stade ass dat nach net beonrouegend, mä Compte tenu vun deem Virus an der Evolutioun, wéi en hëlt, ass dat eppes, wat ganz schnell ka goen an dorop bereede mir eis fir. Mir sinn all Dag am Gespréich mat eise Spideeler. Fir do beschtméiglechst preparéiert ze sinn.“
Fir eng Wierkung vum Social Distancing an der Zuel vun den Infektiounen ze bemierken, muss een awer gedëlleg sinn. Dat wéinst der Inkubatiounszäit.
