Reaktioune "medial Tripartite"Oppositioun: Wéini rifft d'Regierung endlech d'Tripartite aus?

Claude Zeimetz
Déi politesch Oppositioun an der Chamber begréisst, datt RTL eppes fäerdeg bruecht huet, wat der CSV-DP-Regierung bis ewell net gegléckt ass: Fir d'Sozialpartner mol nees all un een Dësch ze bréngen.
© RTL

Wéini rifft d’Regierung endlech d’Tripartite an?

D’Vertriederinnen a Vertrieder vun der LSAP, déi Gréng an déi Lénk froe sech no eisem Dräiergespréich um Radio tëscht dem Aarbechtsminister Marc Spautz, der OGBL-Presidentin Nora Back an dem President vun der UEL Michel Reckinger awer, op wat d’Regierung dann eigentlech waart, fir elo eng richteg Tripartite anzeberuffen. D’LSAP-Fraktiounscheffin huet um RTL-Mikro ausdrécklech bedauert, datt den CSV-Minister net vun der Geleeënheet op RTL profitéiert huet, fir en Dräiergespréich z’annoncéieren. D’Regierung hätt scheinbar net verstan, datt et si ass, déi d’Invitatioun verschécke misst, sou d’Taina Bofferding. Dobäi géif dach jiddereen op eng Tripartite waarden. Bis hin zum fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker, “engem vun den Architekten vum Sozialmodell, wéi mer en haut kennen”, huet d’Sam Tanson vun deene Gréngen ënnerstrach. Et géif net méi an net manner drëms goen, wéi een de sozialen Zesummenhalt hei am Land garantéiere kann.

Fir d’LSAP gehéiere souwuel de Mindestloun, d’Aarbechtszäitorganisatioun an den Impakt vum Krich am Noen Osten mat der Explosioun vun den Energiepräisser op den Ordre du jour vun der Dräierronn. D’Leit bräichten haut Hëllef. Datt d’Fronten verhäert sinn, wier gewosst, ma da wier d’Regierung gefuerdert fir ze vermëttelen.

D’Besetzung vum Marc Spautz am Aarbechtsministère huet sech antëscht fir déi dräi Parteien als Enttäuschung entpuppt.

Déi Lénk: Dës Regierung bleift “antisozial”

Den David Wagner vun déi Lénk sot sech virun allem enttäuscht driwwer, datt d’Regierung nach ëmmer net verstan hätt, datt e groussen Deel vun der Lëtzebuerger Ekonomie ouni déi schaffend Leit net funktionéiere kéint. Do géif et och kee groussen Ënnerscheed tëscht “Mischo a Spautz”, sou den Oppositiounspolitiker. Déi Lénk géife sech am aktuelle Kontext eng “Ëmverdeelungstripartite” wënschen. An enger schwiereger wirtschaftlecher Situatioun, kéint et net sinn, datt déi, di vill hunn, näischt ofginn.

Adr stellt Index a Berechnung vu Mindestloun-Ajustement a Fro

D’adr dogéint gesäit als eenzeg Oppositiounspartei eng Tripartite fir manner urgent. Et sief, et géif elo effektiv eng zweet Indextranche kommen. D’Parteipresidentin Alexandra Schoos deelt och net deenen dräi anere Parteien hir Kritik un der Regierungspropos beim Mindestloun. Warscheinlech kéim nach eng zweet Indextranche a mam Ajustement am Januar Et wiere schwéier wirtschaftlech Zäiten an et misst ee gutt oppassen, fir net ze vill vun de Betriber ze verlaangen. D’adr wënscht sech eng Diskussioun iwwert de gedeckelten Index an de Berechnungsmodus vum gesetzlechen Ajustement vum Mindestloun all zwee Joer. Fir d’alternativ demokratesch Reformpartei sollt ee sech iwwerleeën, ob een net d’Paien aus dem ëffentlechen Déngscht misst eraushuelen, fir de Medianloun ze berechnen.

Back to Top
CIM LOGO