
Reporter.lu schreift, datt et eng weider Perquisitioun an der Parteizentral vun deene chrëschtlech Soziale gouf. De Parquet hätt déi déi lescht Woch ordonéiert an d'Police judiciare wier dunn e Freideg de Mëtteg an de Reim vun der CSV gewiescht. Dat huet och e Porte-Parole vun der Justiz der Internetplattform confirméiert.
D'Affär ëm d'Asbl CSV-Frëndeskrees hat jo dozou gefouert, datt de Fränk Engel als Parteipresident zeréckgetrueden ass.