SPEBSWeider onzefridde Stëmme komme vum Personal vun de Kompetenzzentren

RTL Lëtzebuerg
Si wiere fir eng kuerzfristeg Reunioun mam Minister geruff ginn, ma et wier net zu enger konstruktiver Diskussioun komm.
© RTL-Archiv

Et hätt ee just dierfe Fuerderungen duerleeën a Propose maachen, ouni awer Froen ze stellen. Dobäi hätt ee sech bei Theme wéi dem Tracing oder dem Teste vum Personal Erklärunge vum Minister gewënscht. Dës hätt een awer net kritt. De SPEBS fuerdert eng transparent, koherent a verständlech Approche vum Minister, nëmmen esou kéinten, an hiren Aen, d'Mesuren och vun de Leit akzeptéiert a korrekt ëmgesat ginn.

PDF: Pressecommuniqué vum SPEBS/CGFP

Back to Top
CIM LOGO