Lëtzebuerg investéiert aktuell 1 Prozent vum nationale Revenu an déi international Kooperatioun. Ob dat esou bleift, huet den zoustännege Minister Xavier Bettel rezent a Fro gestallt. Wat dat fir Konsequenzen hätt a wéi et allgemeng ëm d‘Kooperatioun an Entwécklungshëllef steet, ënnert anerem doriwwer diskutéiere mir e Samschdeg an der Emissioun Background.
Dat zesumme mam Fernand Schaber, President vun der Unity Foundation,
mat der Nicole Ikuku, Direktesch vum Cercle de coopération des ONG,
mat der Denise Richard, Direktesch vun der Fondatioun Partage,
a mam Georges Ternes, Direkter fir Kooperatioun am Ausseministère.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.