Krich am IranWéi sech d'Situatioun entwéckelt a wat d'Gefore fir Europa sinn

Marc Hoscheid
Zanter e Samschdeg gëtt et e Krich am Iran - a mëttlerweil quasi am ganzen Noen Osten.
Israel huet en Dënschdeg op en Neits Ziler am Libanon viséiert (hei eng Foto vu Beirut).
Israel huet en Dënschdeg op en Neits Ziler am Libanon viséiert (hei eng Foto vu Beirut).
© IBRAHIM AMRO/AFP

Engersäits gräifen d’USA an Israel Ziler am Iran un an anerersäits attackéiert den Iran Israel an amerikanesch Militärbasen an der Golfregioun. D’Europäesch Unioun spillt an deem ganze Konflikt bis lo just eng Nieweroll, ma dat heescht awer net, datt et keng Repercussiounen op Europa gëtt.

Iwwer Nuecht sinn d’Attacken op béide Säite virugaangen. Am Iran war virun allem d’Haaptstad Teheran am Viséier, zum Beispill Installatioune vum staatleche Radio. Ma och Kommandozentrale vun de Revolutiounsgarden, Loftofwiersystemer, Rampe fir Rakéiten an Dronen ofzeschéissen a Militärfluchhäfe solle getraff gi sinn.

Mir hunn um Méindegowend mam EU-Kommissär Christophe Hansen iwwert den ablacklechen Iran-Krich an d’Auswierkungen op d’EU geschwat.

Den Iran huet sengersäits nees Dronen a Rakéiten op Länner geschoss, wou US-Base sinn. Kuwait mellt en Dënschdeg de Moien och en éischt Doudesaffer. A Saudi-Arabien gouf iwwerdeems d’US-Ambassade vun zwou Drone getraff.

E Méindeg den Owend eiser Zäit huet den US-President Donald Trump virun der Press gesot, et wier ee gutt am Zäitplang, sou datt de Krich vläicht awer keng véier bis fënnef Wochen dauere wäert, wéi uganks gesot gouf. Hien huet awer gläichzäiteg ënnerstrach, datt d’USA och méi laang wéi dat kämpfe kéinten. Et géing ee maachen, wat néideg wier. D’Ziler wieren dobäi, den iraneschen Atomprogramm an déi iranesch Marinn komplett ze zerstéieren an ze verhënneren, datt den Iran weider Terrororganisatiounen an anere Länner finanzéiere kéint.

Geet duerch de Krich eng konkret Gefor fir Europa aus?

De Krich betrëfft Deeler vun Europa, zum Beispill Zypern. Den Inselstaat an EU-Member ass Loftlinn eng 1.200 Kilometer vum Iran ewech an an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ass eng iranesch Dron op engem brittesche Militärfluchhafen ageschloen. Och wann dobäi kee blesséiert gouf, gouf et awer ee Schued un der Landebunn. E Méindeg gouf et eng Reunioun vun der EU-Kommissioun wéinst den aktuellen Entwécklungen an et rechent een domadder, datt et nach zu weideren Incidente komme wäert, wéi de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen e Méindeg den Owend am Journal op der Tëlee ënnerstrach huet:

“Entweder direkt duerch militäresch Instrumenter, awer och terroristesch Attacke kënnen net ausgeschloss ginn. Ech mengen, dat heescht, mir mussen eis Vigilence wierklech eropsetzen, mir mussen och eise Loftraum gutt kontrolléieren, well déi Dronen, déi lo agesat gi sinn, sinn natierlech schwéier ofzefänken an ze fannen.” Mat Bléck op méiglech Terrorattacke sollt een déi Gefor zwar net iwwerdramatiséieren, mee awer seng Hausaufgabe maachen. An dat hätt d’EU-Kommissioun och gemaach, andeems se d’lescht Woch ee Pak zur Terrorismusbekämpfung ugeholl huet.

Nieft militäresche gëtt et awer och nach aner Risike fir Europa. De Krich wierkt sech nämlech och negativ op d’Wirtschaft aus. Duerch d’Strooss vun Hormus, déi de Persesche Golf iwwert de Golf vum Oman an dat Arabescht Mier mam Indeschen Ozean verbënnt, leeft nämlech ee groussen Deel vum Welthandel. Op hirer enkster Plaz tëscht dem Oman an dem Iran ass d’Strooss vun Hormus awer grad emol 38 Kilometer breet an esou kann den Iran de Welthandel mat vergläichsweis wéineg Opwand massiv ausbremsen, wat aktuell och geschitt.

“Et sëtzen am Moment och eng 3.200 Schëffer do fest, eng 200, déi ënnert europäeschem Pavillon fueren, et sinn och Lëtzebuerger dobäi. Do ass et am Moment natierlech extrem geféierlech, dat ass een Détroit, deen extrem enk ass, wou et och schwéier ass, ze kontrolléieren oder eng Sécherheet ze garantéieren, dat heescht, lo ass wierklech net de Moment, fir ze probéieren, do duerchzefueren.” D’EU-Missioun Aspides, déi zur Sécherheet vun der Schëfffaart an deem Eck bäidroe soll, géing verstäerkt ginn, mee do misst een enk mat internationale Partner zesummeschaffen. Och wann 8 Prozent vum Pëtrol, deen an der EU verbraucht gëtt, duerch d’Strooss vun Hormus kënnt, misst een awer keng Pénurie fäerten, well engersäits nach Stocken do wieren an een anerersäits no alternative Liwwerante siche géing. Et géing een awer virop beim Flësseggas LNG gesinn, datt de Präis zolidd geklommen ass.

Eng sëllege Lëtzebuerger nach ëmmer an der Regioun

Ma net just bei de Wueren, mee och bei den Touriste kënnt et zu Stauen. Dobäi handelt et sech awer éischter ëm ee Kollateralschued. Den Iran attackéiert jo wéi gesot virop US-amerikanesch Militärbasen an de Golfstaaten a well déi Rakéiten an Dronen och Passagéierfliger gerode kéinten, ass de Loftraum an där Regioun gréisstendeels gespaart. A well Bahrain, Katar an d’Vereenegt Arabesch Emirater bei den europäeschen Touristen zimmlech beléift sinn, hunn der vill déi rezent Reeswarnungen ignoréiert a sëtze lo fest. Fir esou Fäll huet d’EU ee spezielle Mechanismus virgesinn.“Bis lo ass et just Italien, dat dorobber zeréckgräift, mee ech ginn dovunner aus, datt nach anerer nokommen, well mir sinn och mat verschiddenen anere Memberlänner am Gespréich, déi vill vun hire Leit do sëtzen hunn. Fir déi ze rapatriéieren, fir do och d’Logistik sou sécher wéi méiglech ze garantéieren.”

E Sonndeg hat den Ausseminister Xavier Bettel gesot, datt ee vu knapp 250 Leit wéisst, déi zu Lëtzebuerg wunnen an aktuell an der Golfregioun sinn. E Méindeg am Nomëtteg gouf et een neien Decompte vum Ausseministère, wou vu 480 Lëtzebuerger am Mëttleren Oste rieds ass. D’Leit krute vum Ausseministère geroden, do ze bleiwen, wou se sinn an den Uweisunge vun de lokalen Autoritéiten ze follegen. Et ass dann den Opruff u Lëtzebuerger Residenten, sech op der Plattform LamA, also Lëtzebuerger am Ausland, ze registréieren.

Back to Top
CIM LOGO