Hëtzege Sujet an der ChamberWéi kann een d'Sécherheet zu Lëtzebuerg garantéieren?

Pierre Jans
Op Initiativ vun der Piratepartei war d'ëffentlech Sécherheet en Donneschdeg Thema an der Chamber.
© RTL Archiv

Et ginn zu Lëtzebuerg ''Hotspotte'' vun der Kriminalitéit, seet de Policeminister Henri Kox. D'Stater Gare zum Beispill, mee net nëmmen. Wéi kann een d'Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger zu Lëtzebuerg garantéieren? Dës Fro hat en Donneschdeg an der Chamber alt nees fir hëtzeg Diskussioune gesuergt. Op Initiativ vun der Piratepartei war d'ëffentlech Sécherheet do nämlech Thema.

Den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen, huet sech schockéiert gewisen. Privat Sécherheetsbeamten op ëffentleche Plazen: Dem Marc Goergen no blesséiert dat de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet: ''Wou komme mir dann an engem Land hin, wann elo Firmaen einfach de Clienten ubidden, fir si an de Stroossen ze patrulléieren? Dat kënnen dann och privat Leit op eemol buchen. Jo souguer Stalker a Rietsradikaler kéinten esou Servicer buchen.''

D'Pirate verdeedegen de Prinzip: D'Police, an d'Police eleng soll fir Sécherheet am ëffentleche Raum suergen.

''Jo, mee si kann et aktuell net, op d'mannst net op der Stater Gare'', hunn doropshin noeneen d'Deputéiert Laurent Mosar (CSV) an d'Lydie Polfer (DP) betount, déi jo allebéid am Stater Schäfferot sinn, deemno d'Verträg mat der privater Sécherheetsfirma fir Patrullen op der Gare an zu Bouneweg ofgeschloss hunn. An déi och mat alle Mëttele verdeedegen. ''All Bierger, wann ee gesäit, dass een an Nout ass, gezwongen ass deem ze hëllefen, soss mécht ee sech selwer schëlleg. Dat alles kënnen déi Leit och maachen", sot d'Lydie Polfer.

An den CSV-Deputéierten a Stater Schäffe Laurent Mosar: ''Mir hunn e risege Sécherheetsproblem. An dat net zanter gëschter oder haut. A mir hunn d'Regierung gefrot ze hëllefen. Ma ech stelle fest, dass net vill geschitt ass.''

D'ADR fuerdert méi Mëttele fir Police. Et bleift awer net bei der Fuerderung. De Fernand Kartheiser mécht an deem Kontext e puer ëmstridden Aussoen.

Komplett anere Langage duerno nees beim Marc Baum vun déi Lénk. Hien huet senge Virriedner mat Ausnam vun de Pirate reprochéiert huet, d'Verhältnisméissegkeet verluer ze hunn: "Mir sinn zu Lëtzebuerg net an enger Situatioun wéi an der Bronx. Do, wou et punktuell Problemer ginn, mat richteger Kriminalitéit, do gëtt et ee Responsabelen. An dat ass d'Police."

De Policeminister, deen zejoert am Wanter alles anescht ewéi frou war, iwwer d'privat Patrullen op der Stater Gare, huet sech méi differenzéiert geäussert.

Op enger rezenter Pressekonferenz hat den Henri Kox och zouginn, dass d'Police e grousse Chantier ass, an annoncéiert, dass bei der Police personell massiv opgestockt géif ginn.

Et war en intensiven Debat, bei deem et natierlech och ëm de sozialen Aspekt vum Problem goung. Dee soll an der Chamber nach verdéift ginn.

E Freideg de Moien huet de Policeminister zesumme mat de Responsabele vun der IGP iwwerdeems d'Resultater vun enger Etüd presentéiert: Gekuckt gouf, wéi effikass Iwwerwaachungskameraen am ëffentleche Raum sinn.

Debat iwwer Sécherheet / Rep. Pierre Jans

Back to Top
CIM LOGO