
E Sonndeg war de Weltdag vum Downsyndrom.
D'ASBL wollt d'lescht Joer hiren 20. Gebuertsdag feieren, a well doraus näischt ginn ass, huet se e Sonndeg 21 Käerzen ausgeblosen. Digital natierlech, esou wéi dat eben den Ament Usus ass. Och fir d'Leit mat Trisomie 21 waren déi lescht 12 Méint keng einfach.
Et goufe ganz ënnerschiddlech Problemer festgestallt, seet d'Martine Eischen, d'Presidentin vun der ASBL. Mënsche mat enger Trisomie wiere genee esou ënnerschiddlech, wéi Mënschen ouni Trisomie a si hätten dofir ganz verschidde reagéiert.
"Et sinn der, déi méi oder manner gutt domadder eens gi sinn. Alleguer vermësse se natierlech hir sozial Kontakter. Dat ass wierklech e grousse Punkt. Si vermëssen de Kontakt a si si jo och ganz häerzlecher, déi sech och emol gären ëmäermelen. D'Frëndschaften, d'Kolleegen, déi ganz Aktivitéite mat anere Leit, dat feelt hinne ganz vill."
Verschidde Leit hätte souguer un Autonomie verluer. Dat heescht ënnert anerem, datt se sech no engem Joer Pandemie manner gutt kënnen ausdrécken, ganz einfach well se aus der Übung komm sinn.
D'ASBL Trisomie 21 probéiert natierlech, ze hëllefen, esou wäit wéi dat mat den aktuelle Coronamoossname méiglech ass.
"Soubal et geet, maache mer Aktivitéiten. Zum Beispill, dass mer just zu zwee an zwee Saache maachen, natierlech souwisou ëmmer mat Mask, ëmmer mat Gel. Mir haten do e bësse gefaart, mä mir hunn awer festgestallt, datt eis Memberen, also all déi Leit mat Trisomie 21, guer kee Problem mat de Masken hunn an och net mam Gel. Dat klappt wierklech tipptopp. Si si ganz gewëssenhaft. Si hunn hir Masken un, desinfizéieren hir Hänn, halen hir Distanz. Dat klappt vill besser, wéi mer gefaart hunn a vill vill besser, wéi ech bei sou munche Leit ouni Trisomie doruechter feststelle muss."
D'Martine Eischen erënnert sech nach un de Schock vu virun engem gudde Joer, wéi d'Pandemie ugefaangen huet. Wéi een deen awer bis iwwerwonne gehat hätt, hätt een ugefaangen, no Alternativen ze sichen - digital.
"Dat éischt, dat mer gemaach hunn, waren online Danzcoursen. Eise Staff war ganz kreativ. D'Ekipp huet sech vill Gedanke gemaach, wéi een dat elo kéint iergendwéi maachen, dass mer a Kontakt bleiwe mat de Memberen an d'Membere mat eis. D'Danzcoursë si ganz gutt gaangen, déi meescht Leit hunn iergendeen doheem, dee sech auskennt mat Zoom."
Mat der Zäit koumen ëmmer méi Aktivitéite bäi.
Virtuell Schnëssowender a fir d'Zäit ëmzekréien a gesond ze liewen, kréien d'Leit och Rezepter geschéckt, déi se nokache kënnen. D'Martine Eischen ass houfreg drop, wéi séier d'Leit sech ëmgestallt hunn, weess awer och, datt jidderee sech op d'Zäit no der Pandemie freet.
D'ASBL bréngt och elo e Buch eraus iwwert d'Evolutioun vun der Trisomie 21 an de leschten 21 Joer an dat kann een iwwert hiren Internetsite bestellen.