Och AIP mat ville FroenWéi gëtt de Cycle 1 – méi präzis d'Spillschoul - genee organiséiert?

Carine Lemmer
D'Gewerkschaft vun den Enseignanten aus dem Cycle 1, d'AIP, huet nach vill oppe Froen a bedauert, datt se bis ewell vum Ministère net kontaktéiert gouf.

Mir si mat villem d'Accord, wat de Minister sot, mengt d'Joëlle Theobald, Presidentin vun der AIP, mä leider huet bis ewell kee mat eis geschwat. Um Dënschdeg hätt een dowéinst ganz gespaant dem Minister nogelauschtert, mä nawell bleiwe vill Saachen, déi net kloer sinn.

Spillschoulsjofferen/Reportage Carine Lemmer

Ënnert anerem déi Ausso „no bausse maache mer méi zou, fir no banne méi opzemaachen“. Dat ass eng Ausso, déi hu mer elo schonn e puer Mol héieren. Mir stellen eis d'Fro, wéi gesäit dat konkret fir den C1 aus? Wat bedeit dat? Heescht dat elo, de Grupp an der Spillschoul gëtt nach méi kleng wéi halbéiert? Et misst ee wëssen, eng Klass hätt an der Moyenne 16 Kanner. Wann de Grupp halbéiert gëtt, wären dat 8 Kanner. Dat wär awer nach kee klenge Grupp an och nach net wierklech familiär."

Wéi vill Klassen, wéi vill Raim a wéi vill Enseignantë ginn also gebraucht? Gutt zwou Woche virun der Re-Ouverture vun de Schoulen ass dat nach net gewosst.

Wéi kann eng Schoul e Retour organiséieren vum Cycle 1 bis de Cycle 4, wa fir de Cycle 1 all déi Saachen nach net gewosst sinn?

D'Spillschouls-Enseigantë géife sech freeën, nees mat de Kanner ze schaffen, seet d'Joëlle Theobald. D'Kanner wären och frou, fir nees an d'Schoul ze kommen. Mä et misst ee sech bewosst sinn, datt mat de klenge Kanner villes net anzehale wier.

"Well villes vun de sanitäre Recommandatioune wär an engem C1 net machbar. Dat geet einfach net. Kanner an deem Alter halen e Buff, eng Mask net un. D'Kanner géifen d'Distanz och net anhalen. Si wéilten hir Frënn vläicht drécken, bei hir Enseignantë gelaf kommen. Wéi soll dat goen, wa se kräischen, verlaangeren? Mir musse si kënnen tréischten, op den Aarm huelen, op de Schouss huelen. Well wa mer dat net dierfe maachen, da maache mer méi schlecht wéi gutt."

Am Educatiounsministère ass ee sech bewosst, datt fir de Cycle 1 aner Reegele mussen ausgeschafft ginn, dat huet de Minister ënnerstrach. D'AIP ass fir e Freideg och fir e Video-Gespréich invitéiert.

Back to Top
CIM LOGO