Äntwert op parlamentaresch FroWéi gesäit et aus mam Deconfinement an Alters- a Fleegeheemer?

RTL Lëtzebuerg
D'Copas an déi eenzel Haiser baséieren hir Reegelen op Recommandatioune vun de Ministèrë fir Famill a Gesondheet.

De 6. Januar goufen déi éischt Persounen an Alters- a Fleegeheemer géint de Coronavirus geimpft. Enn dës Mount sollen all d'Residenten an den 52 Haiser dës Méiglechkeet krut hunn. Wéi gesäit et dann elo aus mat engem Deconfinement an den Heemer? Respektiv a wéi wäit ginn d'Restriktiounen adaptéiert?

Dat wollten d'LSAP-Deputéiert Di Bartolomeo an Engel vun der Familljeministesch an enger parlamentarescher Fro wëssen.

An hirer Äntwert erkläert d'Corinne Cahen: D'Copas, den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer am Land, an déi eenzel Haiser baséieren hir Reegelen op Recommandatioune vun de Ministèrë fir Famill a Gesondheet.

Deemno gouf ënnert anerem festgehalen: Visitten an de Zëmmer sinn no der zweeter Impfung an engem Delai vu 14 Deeg erlaabt. Visiteure sollen opgeschriwwe ginn, fir en eventuellen Tracing. De Leit sollen am Virfeld vun hirem Besuch, PCR- oder Schnelltester proposéiert ginn. Den Accès a Restauranten a Cafeteriae gëtt jee no aktuelle Covid-Dispositioune gereegelt.

Residenten, déi hir zweet Impfdosis kruten, an en Delai vu 14 Deeg agehalen hunn, mussen och net méi a Quarantän no enger Sortie, ausser se hätte Symptomer. Dëst sinn e puer vun den Recommandatiounen, nieft natierlech Maskeflicht, Distanz halen a reegelméisseg Hännwäschen.

Back to Top
CIM LOGO