CPTEWéi gesäit d'Aarbechtswelt vu muer aus?

Pit Everling
D'Positioune leie ganz wäit auseneen, ma op d'mannst gëtt mol diskutéiert... an zwar hefteg.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch schwätzt vun der schwéierster Prüfung, déi hie bis elo hat. Animéiert, intensiv, hefteg... Sou ginn d'Diskussiounen tëscht Aarbechtsminister, Patronat a Gewerkschafte beschriwwen.

Aarbechtsreunioun virum CPTE - Rep. Pit Everling

Bei den Themen "Interimsaarbecht" a "Sozialpläng" kéinten d'Positioune wuel net méi wäit ausenee leien, ma op d'mannst géif et mol en Dialog ginn, sou den allgemengen Echo e Méindeg de Moien.

Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vu Muer aus? Dat ass déi grouss Fro.
Et huet een sech am Kader vun enger Preparatiouns-Reunioun fir de Comité permant du travail et de l'emploi gesinn. D'Patronat an d'Gewerkschaften hunn do ganz ënnerschiddlech Proposen op den Dësch geluecht.

Beim Thema Interimsaarbecht sinn d'Usiichte vun de Gewerkschaften op alle Fall mol kloer.

D'OGBL-Presidentin Nora Back: "Déi sinn enger Prekaritéit ausgesat, well se net wëssen, wéi geet et Muer virun.
Respektiv si bei engem selwechte Patron stänneg als Interim, wou mir da soen, datt dee Patron besser sollt déi Persoun fest anzestellen."

D'Experienze mat enger Zort dauerhaften oder festen Interimskontrakter hätten am Ausland effektiv zu méi Prekaritéit gefouert, seet och den LCBG-President Patrick Dury.
Eng aner Fuerderung vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond ass déi, datt d'Sozialpläng misste gestäerkt ginn: "E Plan social oder Plan de maintien kann ee stäerken, duerch eng Cellule de reclassement. Am Fall wou mer e Konflikt hunn, sollen d'Gewerkschafte méi Méiglechkeete kréien, fir sech ze wieren, wat haut net de Fall ass."

Gewerkschaftlech Usiichten, déi op ville Punkte mat deene vum Patronat divergéieren... Den Nicolas Buck, Nach-President vun der Unioun vun den Entreprisen: "Wat ass de Problem vum Interim, do hu mer ënnerschiddlech Vuen. Fir déi eng ass d'Sécherheet e grousst Thema, mir schwätzen éischter vun der Flexibiliséierung. Mir hu bei der Sécherheet awer Iddien erabruecht, fir Leit mat befristen Aarbechtsverträg. Mir hoffen, datt déi zeréck behale ginn. Dann eng grouss Fro natierlech: d'Ausbildung vun de Salariéen an de Betriber par Rapport zum technologesche Wandel. Wéi wëlle mer dat ugoen?"

Beim Volet „Formatioun“ wiere béid Säiten sech effektiv méi no komm, confirméiert den Aarbechtsminister Dan Kersch, dee wuel e Méindeg de Moie keen einfache Stand hat, fir ze vermëttelen. E Kompromëssversuch ass op alle Fall mol an d'Waasser gefall: "Eng Propositioun déi ech gemaach hat, wou ech gemengt hat, datt se e Konsens hätt kënne sinn. Et war e Mediatiouns-Virschlag, dee weder deem engen nach deem anere gefall hat."

Domat war dat vum Dësch: "Ech muss soen, dat hei ass fir mech déi schwéierst Prüfung, déi ech bis elo lo hat."

Ma hie géing versichen d'Enner hei beieneen ze kréien, sou den LSAP-Politiker. Zwou weider Reunioune goufe fixéiert. Den nächste Rendez-Vous ass schonn déi aner Woch.

Back to Top
CIM LOGO