An eiser Serie "Eng Fro, eng Äntwert" gi mer der Fro no, wéi Kanner a Jugendlecher domat ëmginn.
De Psycholog Gilbert Pregno réit, datt een oppe mat hinne iwwert d'Situatioun schwätzt, ma et soll een awer oppassen, wéi vill d'Kanner iwwert d'Medie matkréien, datt se net an engem Mier voller Gefore bueden.
Et wier fir d'ganz Gesellschaft een neit an ongewinnten Zesummeliewen.
