D'Deeg vu ville Generaliste sinn zanter Covid nach méi voll ewéi virdrun. Ma si gi gebraucht a solle wéi wärend der éischter Well och an de Covid-Zenteren hëllefen. Wéi erlieft e Generalist déi aktuell Situatioun? Wat erwaart ee sech vun der Politik a wat réit en de Bierger?
Zeg Appellen den Dag vu besuergte Bierger. D'Sekretariat hieft op, ma nolauschteren a jugéieren. Dat muss den Dokter natierlech selwer maachen, erkläert de Jean-Paul Schwartz, Generalist an der Stad:
''Wann d'Leit da wierklech schlecht sinn, soe mir hinnen, gitt an de Centre de Consultation. A wann et just e Risikokontakt ass, oder liicht Symptomer, asymptomatesch praktesch, da maache mir en Email mat enger Ordonnance un d'Leit. Da gi si an de Labo. Dat kann een eréischt de 6. Dag maachen, den aktuelle Bestëmmungen no. Dann hëlt dat säi Wee, mä dat brauch alles immens Zäit.''
Administrativ Demarchen, déi wéineg mam medezinesche Beruff ze dinn hätten, seet den Dokter Schwartz. Consultatiounen online also iwwer Internet hëllefen him net. Bis op e puer vu senge jonke Cliente wären déi meescht ganz einfach net gutt genuch equipéiert: ''Dat ass eng Illusioun ze mengen, dass deen Outil eis hëlleft. Perséinlech hunn ech déi eSanté opginn. Einfach well et Zäitverloscht ass.''
Wat elo kee gebrauche kann. Déi Covid-Zenteren um Kierchbierg an zu Esch géifen awer fir Entlaaschtungen an de Cabinete suergen, begréisst de Jean-Paul Schwartz:
''Absolutt bei deenen Zuelen, déi elo do sinn. Dass déi positiv geteste Leit méi schlecht ginn, dat kënnt gewéinlech jo eréischt nom 7. oder 8. Dag nom Test. Mir kënnen déi jo net all an d'Urgence schécken, déi si jo dann och séier fäerdeg. Da soe mir de Patienten gitt awer mol an de Covid-Zenter. Do gi se dann ofgelauschtert an d'Dokteren hunn en Tyweck un. Bei eis géing dat jo guer net goen, fir den Tyweck bei all zweeter Consultatioun ze wiesselen. Si sinn equipéiert. Et ass jo haaptsächlech hiren Equipement, dee si da schützt.''

Allerdéngs wären d'Generalisten, déi do hëllefen, iwwerfuerdert. 1 Dokter op 50 Patienten. Do misst opgestockt ginn:
''Da muss ee vläicht eng Reserv vun Doktere fannen, déi den Ament keng Aarbecht hunn. Dat kënne Generalisten an anere Beräicher sinn. Ech denken do un d'Médecine du travail oder u Leit, fir déi d'Aarbecht awer elo net esou anescht ass ewéi an normalen Zäiten.''
De Jean-Paul Schwartz huet dëser Deeg vill Rendez-Vousen an Altersheemer, wou de Covid19 nees méi present ass. 80 Prozent vun de positiv getesten Awunner wäre quasi asymptomatesch, seet den Generalist. Testen a Retracage: dat géif klappen an dësen Infrastrukturen. Ideal ass d'Situatioun awer net, betount den Dokter Schwartz: ''Eisen aktuelle Problem ass, dass mir an den Altersheemer kee Stock un Medikamenter hunn, ausser déi, déi de Patient souwisou hëlt. Da verléiere mir heiansdo 24 oder 48 Stonnen, bis eppes Effikasses do ass.''
Mat wéi enge Mesurë komme mir aus dëser Kris eraus? Dem Jean-Paul Schwartz hëlleft nieft de Masken an der Distanz eigentlech just eppes definitiv: e wierksame Vaccin.
Dann ass et nach den ausdrécklechen Appell vum Generalist, sech géint d'Gripp an d'Longenentzündung impfen ze loossen. Et wär jo elo nees eng nei Liwwerung an den Apdikten ukomm. Uganks Dezember kéint ee sech nach eng zousätzlech erwaarden. Dem Dokter Schwartz no kann een duerch d'Impfe wichteg Antibiotike spueren an d'Sejouren am Spidol reduzéieren.
