Stëllstand an der Immobilie-BrancheWéi een Impakt huet d’Corona-Kris op d’Immobilien-Agencen?

RTL Lëtzebuerg
Annerhallwe Mount, esou laang ass et hier, datt de Coronavirus eisen Alldag op d’Kopp geheit huet. A sou laang war d’Immobilie-Branche quasi paralyséiert.
Stëllstand an der Immobilie-Branche
Annerhallwe Mount, esou laang ass et hier, dass de Coronavirus eisen Alldag op d’Kopp geheit huet. An esou laang war d’Immobilië-Branche quasi paralyséiert.

Op de Chantieren dierf zwar zanter dem 20. Abrëll rëm geschafft ginn, Visitte vu Wunnengen oder Haiser sinn awer nach ëmmer Tabu. Mä wéi funktionéieren Immobilien-Agencen dann an dësen Zäiten? Wéi hu si hir Aarbecht missen ëmstellen? A wat bedeit de Stëllstand um Immobilie-Marché fir Proprietären a Locatairen?

Zanter 15 Joer ass d'Anne Reuter an der Immobilie-Branche aktiv a geréiert zesumme mat hirem Partner Paulo Madureira déi eegen Agence. Déi ass zanter dem 16. Mäerz awer zou, hir Immobilien-Agente schaffe vum Homeoffice aus. Vue datt de physesche Kontakt tëscht Client an Immobilien-Agent net méi erlaabt ass, si Fotoen a Videoen den Ament déi eenzeg Méiglechkeet, sech Haiser a Wunnengen unzekucken.

Anne Reuter: "Wou ech héieren hunn, datt d’Schoul de 16. Mäerz géing ophalen, hunn ech menge Leit direkt Freidegmoies no der Annonce vum Premier Minister Donneschdegowes gesot, se solle sou schnell wéi méiglech nach Filmer realiséiere goen, Fotoen a virtuell Visitte wou et nëmme geet. (...) Mir hunn eis konzentréiert op Objeten, déi nach net gefilmt gi waren, wou mer d’Schlësselen haten, déi eidel waren."

De gréissten Deel vun engem Agent senger Aarbecht – déi um Terrain – fält also ewech. De Kontakt mam Client leeft just nach iwwer Telefon oder Internet, Estimatioune gi via Video-Konferenze gemaach a Kontrakter per Mail oder Post hin an hier geschéckt. Lafend Affäre konnten zwar ofgeschloss ginn, ma nei Acquisitioune maache wier komplizéiert, erkläert d’Anne Reuter.

"Et ass nach laang net all Mënsch, dee bereet ass, eng Wunneng ze kafen, och fir en Invest, just op Basis vu Fotoen a Videoen. Ech schätzen, datt mir den Ament een Zéngtel, wann et gutt geet 20% vun Affäre gemaach hunn."

Keng Visitte bedeit keng Venten, esou vill steet fir de President vun der Chambre Immobilière fest. Fir datt d’Immobilie-Branche also rëm an d’Rulle kënnt, fuerdert de Jean-Paul Scheuren, datt d’Visitten esou séier wéi méiglech rëm erlaabt ginn. Wéi esou Visitten an Zäite vum Coronavirus kéinten ausgesinn, weist ee Facebook-Video vun der Immobilie-Chamber. Mondschutz, Händschen, näischt upaken an net méi wéi 2 Clienten empfänken, si just puer vun de proposéierte Mesuren. Hei zielt een op d’Disziplin an d'Verantwortung vun Agencen a Clienten.

Virtuell Visitte wieren zwar am Trend, ma déi traditionell Besichtegungen op der Plaz kéinte se net ersetzen, esou de Jean-Paul Scheuren.

"Mat allen digitalen Hëllefen, déi mer hunn, ass den Immobilie-Secteur e Secteur, deen op Vertraue baséiert ass, dat heescht op de perséinleche Kontakt. Ob dat elo bei eis an der Vente ass, op de Pläng oder och an der Vente herno am Second Hand, wou d’Wunnenge verkaf ginn, déi scho bestinn.”

De Stëllstand an der Immobilie-Branche betrëfft awer net nëmmen déi Leit, déi am Secteur schaffen, ma och d’Clienten. Déi eng waarden op hire Schlëssel, fir déi nei Wunneng a kënnen dowéinst net aus hirem aktuelle Logement raus. Déi aner kommen net eran, well déi al Locatairë blockéiert sinn.

Een Däiwelskrees an deen och de Kevin Londot geroden ass. Zesumme mat senger Frëndin Amélie hätt hien am Abrëll sollen an eng Wunneng um Belair plënneren. Vue dass d’Locatairen awer duerch d’Kris net eraus konnten, ass den Datum ëm ee Mount no hanne verréckelt ginn. Dem Kevin säi Bail an der aler Wunneng ass awer ofgelaf. Eng Noutléisung huet also missen hier.

Kevin Londot : "AirBnB, c’était la première pensée. Je pense que c’est la solution facile. Après ça devient peut-être un petit peu cher à un moment donné. Donc on s’est tourné vers une option différente. C’est via un contact qu’on nous a recommandé « Arca Properties », un nom qu’on ne connaissait pas du tout. (…) C’était pas évident pour nous de trouver un logement d’urgence, un propriétaire qui allait nous fournir un logement pour un mois, et meublé. Parce qu’on n’avait pas envie de déménager toutes nos affaires dans le nouveau logement pour un seul mois.”

Zanter 4 Woche wunnt de Kevin mat senger Frëndin also an enger miwweléierter Wunneng zu Béiweng. Wéini si an hiert neit Appartement plënnere kënnen, steet nach net fest. Net nëmme finanziell gesinn huet dës Situatioun een Impakt op déi jonk Koppel, ma virun allem organisatoresch gesinn. Hir eege Miwwel hu si an enger Garage stockéiert, déi si och hu misse lounen.

"La première semaine était un peu compliquée, entre le travail, le déménagement imprévu et la solution court terme à trouver, ce n’était pas évident", esou de Kevin Londot. Hien hofft a rechent domat, datt se bannent den nächsten zwou Woche kéinte plënneren.

An och de Jean-Paul Scheuren hofft, datt d’Immobilie-Branche esou séier et geet hir Aktivitéite rëm kann ophuelen. Déi verschidden Acteure wieren op alle Fall prett, fir unzerappen.

Jean-Paul Scheuren: "Mir sinn en essentiellt Element vum Bauwiesen. Et geet net duer, datt Entrepreneuren an Handwierker ufänke mat schaffen. Mir mussen dofir suergen, dass de ganze Prozess vun der Immobilie-Branche optimal funktionéiere kann, well mer soss einfach iergendwann eng Kéier e 'goulot d’étranglement' am Secteur kréien, datt mer iergendwou eng Brems kréien. Wat natierlech eng negativ Inzidenz op Baupräisser hätt. Mir wëssen, datt wann d’Offer méi kleng gëtt, datt an deem Fall d'Präisser Tendenz hunn ze klammen."

D’Anne Reuter vun der Immobilien-Agence "New Immo" ass der Iwwerzeegung, datt déi aktuell Chute iwwer d’Joer gesinn ze droen ass. Ma laang kéint et esou net weider goen. Trotz staatlechen Hëllefen, géing dës Situatioun d’Recettë staark beaflossen.

"D’fix Käschte sinn awer do. De Loyer vum Büro, d’Autoe vun den Agenten, d’ganz Leasinge vu Material a sou weider, déi lafe weider. Och d’Abonnementer zum Beispill, wat bei ons deen deierste Budget vun der Agence ass. All déi Abonnementer bei de Portailen, dat ass enorm."

Trotz allem bleift d’Anne Reuter optimistesch an hofft op e séiere Retour an d’Normalitéit.

Grouss Nofro fir Wunnengen, och an der Corona-Kris

Grouss Nofro fir Wunnengen, och an der Corona-Kris
Zënter enger Woch gëtt um Bau- an am Immobiliësecteur nees geschafft. Ma awer huet d’Corona-Kris een Impakt op de Secteur.

Zënter enger Woch gëtt um Bau- an am Immobiliësecteur nees geschafft. Ma awer huet d’Corona-Kris een Impakt op de Secteur. Ënnert anerem ginn et Retarde bei der Remise vun de Schlëssele bei de Logementer an et gëtt vill Zäit bei de Prozedure verluer. Donieft musse sech Betriber u streng Hygiènesmesuren halen.       

De Promoteur an eisem Reportage huet e Projet um Lampertsbierg. Ma wéinst dem Lockdown huet d’Remise vun de Schlëssele missten ënnerbrach ginn. 42 Appartementer an 9 Haiser ginn et um Site. Bei engem Deel vun den Appartementer an Haiser steet d’Remise vun de Schlësselen awer nach aus. Dëst soll awer vun nächster Woch un nees gemaach ginn.

Trotz der Corona-Kris gëtt et weiderhin eng grouss Nofro fir Wunnengen an Appartementer. Och Investissementer an Immobilië wier weiderhi sécher, heescht et aus dem Secteur. D’Promoteure fäerten awer, datt vill Zäit bei den Autorisatiounen an de Prozedure wäert verluer goen. Dat well vill Baugeneemegungen a PAGen um Lafe wieren.

Op de Chantiere musse sech Mataarbechter dann och u streng Hygiènesmesuren halen. Zum Beispill mussen se Masken undoen, d’Hänn reegelméisseg wäschen an ee Sécherheetsofstand anhalen.

Viru kuerzem hat den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten eng parlamentaresch Fro un de Logementsminister Henri Kox gestallt. Ënnert anerem fir ze wëssen, ob Krittäre festgeluecht ginn, fir ze verhënneren, datt Promoteuren iwwerdriwwe Retarde bei der Remise vun de Schlëssele fixéieren.

Back to Top
CIM LOGO