Handelskummer an Union des EntreprisesWéi ee President wier besser fir d'Wirtschaft?

RTL Lëtzebuerg
D'Direktere vun der Chambre de commerce a vun der UEL hunn eng Präferenz fir den Joe Biden.

De Mäert wier et eigentlech egal, wier gewënnt, wichteg wier virun allem, datt séier e Resultat do wier - dat seet den Direkter vun der Lëtzebuerger Handelskummer Carlo Thelen. Den Donald Trump hätt mat senger America First Politik vill Brécken zerschloen, ma duerno misst och hien iergendwann realpolitesch ginn an agesinn, datt déi US-amerikanesch Betriber och Relatioune mat China an Europa bréichten. D'Demokraten hätten e ganz ambitionéierten Investitiounsprogramm.

De Carlo Thelen iwwert d'US-Walen
Fir kleng a mëttelgrouss Betriber wier e President Biden méi interessant, sou den Direkter vun der Handelskummer.

"7.000 Milliarden op 10 Joer, wou ganz vill dran ass fir d'Santé, fir d'Ëmwelt, wat u sech gutt wier, mä fir dat ze finanzéieren, misst een natierlech och erëm d'Steieren an d'Luucht sëtzen, an dat wier natierlech net sou gutt fir verschidde méi grouss Firmen an Amerika. Par contre wëll de Biden awer och déi kleng a mëttelgrouss Betriber ënnerstëtzen, wat do natierlech ganz gutt wier fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft an och déi europäesch, déi trotzdeem méi op PMEen opgebaut ass."

E President Joe Biden kéint deemno aus wirtschaftlecher Siicht e bësse méi interessant sinn - an enger Post-Covid-Phas bréicht ee positiv Signaler, an déi géifen éischter vum Demokrat ausgoen.

Och d'Finanzplaz géif dovunner profitéieren. Änlech ass d'Aschätzung vum Jean-Paul Olinger vun der UEL, der Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber, a puncto Steierpolitik.

"Wat kloer ass, ënnert dem Trump wäert d'Politik weider goen, déi elo ass, dat ass America First. Ënnert dem Biden kënne mer awer dovunner ausgoen, dass hie sech wäert internationale Steierreegele méi verflichten, dass hien eng multilateral Approche wäert fueren an dass dat längerfristeg sécherlech besser ass fir eng Weltekonomie an dann eben och fir Lëtzebuerg als eng international Plattform fir Finanzproduiten an och aner international Déngschtleeschtungen."

De Jean-Paul Olinger iwwert d'US-Walen
An den Aen vun der Union des Entreprises wier et fir Europa a Lëtzebuerg méi interessant, wann den Joe Biden géif President ginn.

Back to Top
CIM LOGO