Background am Gespréich (7. Februar)Elektroauto: Ouni Primme geet et net

Claude Zeimetz
Marc Hoscheid
De Philippe Mersch, de Frank Maas an de Serge Pauly waren eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich (7. Februar): Philippe Mersch, Frank Maas, Serge Pauly
Eng Stonn, fir hannert d’Kulissen ze kucken.

Resumé Background/Marc Hoscheid

Wéi steet et ëm d’Automobilindustrie zu Lëtzebuerg? Déi Fro stoung de Mëtteg am Mëttelpunkt vun eiser Emissioun Background. Invitéen am Studio waren de President vum Garagisten- an Distributeursverband Philippe Mersch, de Frank Maas vum Automobilclub an eisem RTL-Autosexpert Serge Pauly.

Wéi e Stellewäert hunn den Autofestival an den Auto nach zu Lëtzebuerg?

Et hätt ee keng fiabel Zuelen doriwwer, wéi vill Autoe wärend dem Autofestival verkaaft goufen, sot de Philippe Mersch. Et kéint ee sech just op d’Immatrikulatiounszuele vun der SNCA verloossen. Mä d’Fedamo seet sech ënnert dem Stréch mat der Editioun vun dësem Joer zefridden.

Den Auto wier antëscht an éischter Linn ee Gebrauchsgéigestand, huet de Serge Pauly begrënnt, firwat den Autofestival senger Meenung no net méi sou vill Leit unzitt wéi nach fréier. De Philippe Mersch huet och ze bedenke ginn, datt vill Leit, virun allem déi Jonk, sech antëscht online informéieren an dowéinst net onbedéngt an d’Garagë goe mussen.

Dem Frank Maas vum ACL no wier den Autosfestival awer nach ëmmer eng speziell Zäit fir den Automobilclub. D’Leit géinge bei hinne besonnesch vill Froe ronderëm d’Luede vun Elektroautoe stellen.

Wien ka sech haut nach en Auto leeschten?

Autoe ginn ëmmer méi deier an dat géing virun allem dorunner leien, datt d’Technik ëmmer méi komplex gëtt, esou de Philippe Mersch. Wat d’Finanzéierung ugeet, géing déi vun engem klassesche Prêt bis bei de Leasing goen. De Serge Pauly huet gemengt, datt ee beim Leasing géing gesinn, datt d’Leit dozou motivéiert solle ginn, fir sech no dräi Joer nees een neien Auto unzeschafen. Hei géing sech d’Fro vun der Nohaltegkeet stellen. Mat Bléck op d’Autosmodeller géing opfalen, datt déi kleng ëmmer méi verschwanne géingen. Dem Philippe Mersch no gëtt de Fuerpark zu Lëtzebuerg an der Moyenne ëmmer méi al. Antëscht géing den Duerchschnëttsalter bei iwwer 8 Joer leien. Déi Moyenne géing nach doduerch gedréckt ginn, datt vill Firmen hier Leasingsautoe séier wiesselen.

Bei der Fro, ob ee léiwer een elektreschen Auto oder ee Verbrenner kafe sollt, wollte weder de Philippe Mersch nach de Frank Maas eng kloer Recommandatioun ausschwätzen. Et géing Argumenter fir a géint béid Zorte vun Autoe ginn. De Philippe Mersch huet awer op alle Fall gemengt, datt virun allem fir Leit, déi doheem eng Photovoltaikanlag hunn an den Auto doheem luede kënnen, näischt géint en elektresche Modell schwätzt.

De Serge Pauly ass prinzipiell och där Meenung, huet awer ze bedenke ginn, datt et bei Elektroautoe quasi keen Occasiounsmarché gëtt, well sech d’Technik vun de Batterien extrem séier weiderentwéckele géing.

Chineesesch Autoen bleiwen um Lëtzebuerger Marché marginal

Wéi eng Roll spillen da chineesesch Marken um Marché vun den Elektroautoen? Dat konnt de Philippe Mersch mat Bléck op déi feelend Statistiken net soen. Et kéint een awer soen, datt déi chineesesch Marke grad mat Bléck op d’Konnektivitéit ganz gutt wieren, bei der Qualitéit vun de Batterië géing et awer keen Ënnerscheed zu Marken aus anere Länner ginn.

Och de Frank Maas huet fonnt, datt d’Präis-Leeschtungsverhältnis vu chineesesche Marken net schlecht wier. Et kéint een awer net soen, wéi dat laangfristeg ausgesäit. Fir de Serge Pauly hunn d’Chinesen dovu profitéiert, datt se kucke konnten, wéi europäesch Hiersteller sech ugeluecht hunn, déi hier Autoen a China produzéiert hunn. Dobäi kéim, datt China vun Ufank un op Elektro gesat an de Verbrenner souzesoen iwwersprongen hätt.

Verkafsschlager Hybrid

Am meeschte gefrot wieren zu Lëtzebuerg aktuell Hybrid-Modeller. Dat wier eng logesch Entwécklung, well d’Hiersteller einfach virun allem op déi Modeller setze géingen. De Serge Pauly huet iwwerdeems gemengt, et misst een déi héich Zuel un Hybriden e bëssi hannerfroen, well vill Autoen éischter um Pabeier een Hybrid wieren, well se reng mat engem Verbrenner fueren an den elektreschen Deel sech just dorobber beschränkt, fir den Auto ze starten.

De Frank Maas erkläert sech de Succès vum Hybrid, dee kee Plug-In, mee ee Full-Hybrid ass, och doduerch, datt en einfach am Gebrauch wier, well een e wéi en normale Verbrenner tanke kann an den Auto selwer entscheet, wéini e wéi ee Motor notzt.

Datt sech den Undeel vun den Elektroautoen an deene leschte Jore stabiliséiert huet, géing wuel doru leien, datt antëscht déi meescht Leit, déi den Auto bei sech doheem luede kënnen, een hunn. Dowéinst wier et och gutt, datt et nach ëmmer aner Alternative gëtt.

“Ouni Primmen geet et net”

De Serge Pauly huet sengersäits d’Zil vun 49 Prozent Elektroautoe kritesch hannerfrot. Och Elektroautoe géingen am Stau stoen, d’Mobilitéitsproblemer kéint ee just léisen, wann den Auto säi Stellewäert verléiere géing an een déi néideg Infrastrukturen en place setze géing. De Philippe Mersch huet ze bedenke ginn, datt et zu Lëtzebuerg vill ländleche Raum gëtt, wou d’Besoine vun de Leit just schwéier eleng mam ëffentlechen Transport ofgedeckt kéinte ginn.

Sollt et een eenheetleche Präis gi fir den Elektroauto ze lueden, sou wéi et och een eenheetleche Spritpräis gëtt? Do war de Frank Maas bëssi méi zeréckhalend. Et kéint och sinn, datt et eng Fro vun der Gewunnecht ass an déi nächst Generatiounen mat Stroumpräisser, déi variéieren, kee Problem hunn.

Ouni Primme wäert et net méiglech sinn, d’Elektromobilitéit weider ze pushen, huet de Philippe Mersch gemengt.

All d’Invitéë ware sech doriwwer eens, datt et virop un der Luedinfrastruktur hänkt, ob d’Elektromobilitéit nach méi ee grousse Succès kritt.

Dee ganze Background kënnt Der op eisen digitale Plattformen nolauschteren an nokucken.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO