De Konsumenteschutz huet dorobber reagéiert an erkläert, datt een aktuell keng Penurie vu Produite fäert. D’Supermarchéen hu rezent méi streng Precautioune geholl, fir d’Personal an d’Clientë besser ze protegéieren.
Wéinst der Veronsécherung duerch d’Corona-Kris konstatéieren d’Supermarchéen eng héich Nofro. Dat betrëfft virun allem Liewensmëttel ewéi Nuddelen, Reis a Konserven. D’Rayone géifen awer séier nogefëllt ginn, heescht et aus dem Secteur. Wéinst Liwwerungsretarde kéint et awer bei verschiddene Produiten zu Enkpäss kommen, huet et weider geheescht. Dowéinst gëtt op Alternative gesat. Op Nofro hi wollten eis d’Supermarchéen awer keen Interview ginn. Den Ament geet een net vun enger Penurie vu Produiten aus, esou de Konsumenteschutz.
D’Supermarchéen hu rezent méi streng Precautioune geholl. Ënnert anerem gi Caddie gebotzt an desinfizéiert, Clientë mussen ee Sécherheetsofstand vun zwee Meter respektéieren, den Echange tëscht dem Personal an de Clientë soll op e Minimum limitéiert ginn an et soll een an de Butteker mat enger Kreditkaart bezuelen.
D’ULC huet vun Hamsterkeef ofgeroden. An där aktueller Situatioun wier virun allem Solidaritéit ënnert de Konsumente gefrot. Egoismus géif kengem eppes bréngen.
Donieft war et den Opruff un d'Populatioun, sech un d’Mesurë vun der Regierung ze halen. De Konsumenteschutz suivéiert dann och d’Entwécklung vun der Situatioun an de Supermarchéen an den nächste Wochen.