Zesumme mam Expert fir Aarbechtsrecht dem Affekot Guy Castegnaro huet de Pierre Jans no de richtegen Äntwerte gesicht.
D'Equippe gi protegéiert. Aner Persoune géife gäre méi vun doheem aus schaffen. Eng Petitioun hat rezent e Recht op Teletravail gefuerdert. Dat heescht, dat gëtt et nach net. Den Affekot Guy Castegnaro confirméiert: ''Et huet sech net geännert, dass de Patron eng Demande vu sengem Mataarbechter, fir an den Teletravail ze goen, ka refuséieren. E brauch dat emol net ze motivéieren. Et ass un him ze kucken, ob et iwwerhaapt méiglech ass, fir Teletravail ze maachen. Ob en och déi néideg Instrumenter huet, fir dat ze erlaben. Dann ass et um Patron ze decidéieren, ob en esou enger Demande Rechnung dréit oder net. Den Teletravail baséiert och an Zukunft ëmmer nach op engem Accord tëscht dem Employeur an de Salariéeën.''
Och wann d'Sozialpartner eng Konventioun ënnerschriwwen hunn, déi geschwënn allgemeng verbindlech ass. Teletravail muss de Patron also net accordéieren, dofir muss en awer fir e séchert Aarbechtsëmfeld suergen. Souwisou gëllen déi sanitär Mesurë vum Staat och op der Schaff. An do ass de Patron an der Flicht.
''Wann et déi net ëmsetzt, ob dat d'Distanz ass, ob dat d'Kontroll ass, dass d'Leit hire Mask unhunn, oder ob dat d'Bereetstelle vun Desinfektiounsmëttel ass oder ob en en Dësch net desinfizéiert wou eng positiv Persoun geschafft huet.. wann en dat net mécht, dann haft de Patron.''
Ëmdréint sinn déi Ugestallt verflicht schaffen ze goen, wann d'Aarbechtsplaz Covid-konform ass. Nëmme wann eng eminent Gefor fir d'Gesondheet besteet, kann e Salarié refuséieren op d'Aarbechtsplaz ze goen.
D'Infektiounszuelen sinn héich. D'Santé kënnt net méi no d'Persounen, déi a Kontakt mat enger positiver Persoun waren ze kontaktéieren. Déi offiziell Certificate fir Risikokontakter hu Retard, wat fir Konfliktsituatiounen tëscht dem concernéierte Salarié a sengem Patron féiere kéint, awer mat e bësse gudde Wëllen, net muss.
''Déi Ordonnance huet d'Valeur vun engem Krankeschäin. Esoulaang de Salarié déi net huet, kann e se dem Employeur och net schécken. Dat heescht den Employeur ass wärend zwee, dräi Deeg reng juristesch gesinn an enger Phase, wou en net richteg weess, wéi d'Situatioun ass. Dat Ganzt soll jo op engem Vertrauensverhältnes berouen. Ech mengen, dass een dat deen Ament roueg ka vum Employeur erwaarden. An 99,99 Prozent vun de Fäll ass dat och sou, dass en da waart a säi Salarié net entléisst wéinst eng net-justifiéierter Absence.''
Wien a Quarantän ass an och fit ass, deem wär et iwwerlooss, ob en de Certificat areecht an dann net schaffe muss oder ob e mam Patron e Wee fënnt, fir seng Aarbecht vun doheem aus ze maachen. Déi Reegelung, dass d'Gesondheetskeess d'Krankeschäiner scho vum éischten Dag u bezilt, gëllt an tëscht net méi, esou den Affekot Guy Castegnaro nach.
