D'Gemeng war an de leschte Jore selwer mat esou Situatioune konfrontéiert. D'Buergermeeschtesch, d'Diane Adehm erënnert un d'Iwwerschwemmunge vun 2021. Iwwert déi leescht véier Joer huet Hesper sech vill mam Thema Resilienz beschäftegt. Et gouf a Material, mee och Personal investéiert, fir fir potentiell Katastrophe prett ze sinn.
Fir d'Awunner wier et awer och flott, ze gesinn, a wat d'Gemeng investéiert hätt, esou d'Buergermeeschtesch. Dass et an de leeschte Joren zu Iwwerschwemmunge komm ass, wier awer net déi eenzeg Motivatioun gewiescht dës Veranstaltung ze organiséieren, erkläert d'Diane Adehm:
"Et kënnt dann nach zousätzlech dobäi. Ech mengen, et gëtt ganz vill vum Ukrain-Krich geschwat. Quitt, dass d'Ukrain elo wäit vun eis ewech ass, ass et awer net esou wäit, well et ass de selwechte Kontinent a mir wëssen alleguerte net, wéi dat mat deem Krich do weidergeet, wa Russland op eemol decidéiert, fir en anert Land unzegräifen, wat an der NATO dran ass, jo da si mir och am Krich mat dran iwwert d'NATO. An duerfir wiere mir einfach gäre prett."
De Klimawandel gouf mat Hëllef vun engem Eegentest thematiséiert. An engem Camion konnt ee wärend 30 Minutten erliewen, wéi et ass normal alldeeglech Aufgabe bei 50 Grad ze meeschteren. D'Awunner selwer schweessen ze loossen, wier ee wichtegen Deel vun der Preventioun. Et misst een d'Situatioun selwer erliewen, fir wëllen eppes ze änneren, erkläert d'Eva Macaigne, Direktesch vu Climat Sense Human Adaptation Institute:
"On travaille sur l'adaptation humaine, l'adaptation des comportements, et ce que nos études cognitives montrent, c est que la décision de changer un comportement, elle vient toujours d'une émotion ressentie. Informer c est important, mais pour décider d'agir sur ces comportements, il faut ressentir des émotions."
Normal trëppelen, einfach Aufgabe léisen: Dat alles ass bei 50 Grad guer net esou einfach. De Versuch dauert nëmmen 30 Minutten, vill vun de Leit waren dunn och frou, wéi et eriwwer war. Hei puer Aussoe vu Leit, déi am Camion waren:
"Et ass relativ onangeneem, déi Erfarung. Et war lo nëmmen eng hallef Stonn. Fir dat awer lo iwwer de ganzen Dag esou ze hunn... Virun allem, dat war jo da lo 50 Grad am Schiet an net an der Sonn."
"Schonn impressionnant, wéi alles sech esou ophëtzt, vum Handy bis zu metalle Läffelen an all dat Geschier. Dat ass schonn impressionnant, dass dat bei 50 Grad net méi esou unzepaken ass wéi virdrun. An och d'Beweegen, et huet ee missten op engem Teppech jo do trëppelen op enger Geschwindegkeet, déi nach zimmlech lues war. Dat ass scho fir de Kierper extreem ustrengend."
Kachen a proppert Waasser gehéieren zu Alldag, mee wat maachen, wann dat duerch eng Katastroph géif ewechfalen? Dofir waren d'Scouten op der Plaz, fir de Leit ze weisen, wéi een och ganz ouni Briquet ee Féier maache kann. Wat een dofir brauch, erkläert de Jérôme Grillo, Gruppe Chef vun Don Bosco Houwald:
"Déi einfachst Versioun ass nach ëmmer mam Briquet, mee dat ass natierlech am Noutfall net esou einfach, soss hu mer do awer och eng ganz Panoplie vu Steng, wou een hautzedaags och nach en Eisen dobäi huet, fir dass et méi einfach geet oder mir hunn och verschidden, hautzedaags eeben déi mat Holz, wou ee kann ufänken. Dat geet vill méi einfach. Mee et muss een awer wëssen, wéi een et mécht, fir dass een am Fall, wou een et brauch, och prett ass."
Donieft hu si de Leit och nach gewisen, wéi een aus einfache Materialien ee Waasserfilter hierstelle kann. Verschidde vun deene Saachen hunn déi meescht Leit och doheem. Dozou gehéieren zum Beispill: Kleng Steng oder Kräsi, Sand an awer och Kichendicher kënnen an de Waasserfilter mat agebaut ginn.