De Lëtzebuerger Tom Rausch huet a senger Dokteraarbecht déi intern an extern Kommunikatiounspraktiken a -Strategië vun west-afrikanesche Santé-Servicer analyséiert, fir erauszefannen, wéi wärend gesondheetleche Krise kommunizéiert gëtt.
Vun 2014 bis 2016 gouf et an de westafrikanesche Länner eng Ebola-Epidemie. De Lëtzebuerger Tom Rausch ass spezialiséiert op Gesondheets- a Krisekommunikatioun an huet eng Dokteraarbecht iwwert d'Ebola-Epidemie geschriwwen.
D'Analys hätt gewisen, datt Vertrauen a Solidaritéit tëscht der Politik, den Experten an der Gesellschaft wesentlech wieren. Wärend der Ebola-Kris goufe verschidde soziokulturell Feeler gemaach an d'Populatioun net richteg opgekläert.
Eng Epidemie géif een nëmmen ënner Kontroll kréien duerch d'Zesummeschaffen, esou de Wëssenschaftler.
