Siège zu Lëtzebuerg, an der Tierkei stationéiertWat huet d'Cargolux mat de Canadairen ze dinn a wou komme se an den Asaz?

Claude Zeimetz
Néng vun hiren am ganzen zéng Läschfligere sinn an der Tierkei stationéiert. Erklärunge vum Claude Zeimetz.
© Cargolux

Am Kader vun de Bëschbränn an Europa ass déi lescht Deeg vill iwwer d'Läschfligere vun der Cargolux Rieds gaangen. Wat ass dat iwwerhaapt fir eng Flott? Wat huet d'Cargolux mat de Canadairen ze dinn? A wou komme se iwwerhaapt an den Asaz? Hei e puer Erklärungen:

Aquarius Aerial Firefighting ass eng Duechterfirma vun der Cargolux, déi eenzeg an eleng an der Brandbekämpfung aktiv ass. D'Firma gouf zwar 2023 zu Lëtzebuerg gegrënnt an huet och nach ëmmer hire Siège hei. 9 vun hiren am ganzen 10 Läschfligere sinn awer fir den Ament an der Tierkei stationéiert. Dat läit dorunner, dat d'Entreprise e Kontrakt mat der Tierkei huet fir d'Joren 2025 bis 2027. Duerch dee Kontrakt sinn d'Fligeren dru gehalen an der Bëschbrand-Saison vun der Tierkei kënnen agesat ze ginn. D'Fligere sinn do hannen op véier verschiddene Plaze stationéiert, vu wou aus se an den Asaz geschéckt ginn. Fir genee ze sinn zu Balıkesir, Çanakkale, Edremit, an Adana.

D'Flott gouf zanter hirer Grënnung virun 3 Joer kontinuéierlech ausgebaut. Eng weider Maschinn steet a Spuenien. D'nächst Joer plangt Aquarius nach zwee weider Läschfligere vum Typ AT-802 Fire Boss ze kafen. D'Firma selwer mécht Reklamm domadder, datt se an enger Stonn iwwer 52.700 Liter Waasser tanken, an datt de Waassertank vun de Canadairen a manner wéi 15 Sekonne gefëllt ass.

All dës Informatioune kann een noliesen um Internetsite vun der Cargolux-Duechterfirma. Op Presseufroe krute mer bis elo, och Deeg respektiv Woche méi spéit, keng Äntwert.

Vun der Tierkei an d'Gironde

Aktuell ass Aquarius Aerial Firefighting, nieft der Tierkei, mat am ganzen dräi Läschfligeren a Frankräich am Asaz. Nach ier d'Lëtzebueger Regierung e Mëttwoch ee Fliger geschéckt huet, hat d'Cargolux-Duechter schonn zwou Maschinnen direkt vun der Tierkei aus a Frankräich detachéiert, fir de Pompjeeën an der Gironde eng Hand mat unzepaken.

Kritt Lëtzebuerg an Zukunft en eegene Läschfliger?

D'Lëtzebuerger Regierung huet fir den Ament kee Kontrakt mat Aquarius Aerial Firefighting. Dat well d'Autoritéiten hei am Land fir den Ament kee Besoin fir Läschfligere gesinn, fir Bësch- a Vegetatiounsbränn ze bekämpfen. Am RTL-Interview e Mëttwoch hat de Premier Luc Frieden erkläert, datt ee fir den Asaz an der Gironde nach e Fliger “fonnt” hätt, fir via den europäeschen Zivlischutz-Mechanismus a Frankräich ze schécken. Et handelt sech hei effektiv ëm eng Maschinn, déi nach net ënner Kontrakt stoung a quasi per Zoufall den Ament hei am Land war . D'Lëtzebuerger Regierung huet de Läschfliger fir ronn 300.000 Euro gelount.

E Freideg de Moien huet de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder am RTL-Radiostudio gemengt, et sollt een awer ni, ni soen, wéi en d'Fro gestallt krut, ob de Grand-Duché net awer och e Läschfliger brauch wann d'Frequenz an d'Intensitéit vun de Bëschbränn och an eise Géigenden zouhëlt. De CGDIS wier an Diskussioune mat Aquarius fir ze kucken ob ee vun hire Läschfligeren och zu Lëtzebuerg kéint agesat ginn.

Zu Lëtzebuerg steet zanter dem Fréijoer elo schonn e spezialiséierte Simulator, op deem Piloten Asätz ënner ganz reelle Bedéngungen hei am Land trainéiere kënnen. De Simulator ass net nëmme fir d'Pilote vun der Cargolux-Duechterfirma, mä och fir aner Operateuren aus dem Ausland accessibel.

Accident virun engem Joer an der Tierkei

Am Juni zejoert hat Aquarius Aerial Firefighting vu sech schwätze gedoen, well eng vun hire Maschinnen an der Tierkei an en Accident beim Tanken an engem Stauséi wärend engem Läschasaz verwéckelt war. De Pilot an den zweete Mann, dee u Bord war, konnte vun engem tierkesche Policeboot gerett ginn a koume fir eng Kontroll an d'Spidol.


Back to Top
CIM LOGO