
D’Regierung ass weider amgaangen, den Deconfinenement op ville Plazen ze preparéieren. Bis d’Liewen nees seng normal Weeër geet, wäert et awer nach eng Zäitchen daueren, well d’Pandemie eben net eriwwer ass.
Bei verschiddene Mesure fille sech vill Leit awer, verständlecherweis, e bëssen hin an hir gerappt. Wat däerf een elo?
Wat net? A wat soll ee maachen, fir sech an anerer ze schützen.
Fänke mer u mat der Grond-Reegel, déi och weiderhin déi selwecht ass, wéi schonn de 17. Mäerz, wou de Premier Xavier Bettel et onmëssverständlech ausgedréckt huet:
D'Reegel ass bleift doheem, ech bleiwen isoléiert, dobannen, mat de Leit wou ech doheem wunnen, an déi sozial Kontakter op e Minimum reduzéieren.
Natierlech brauch awer kee sech anzespären. Op d’Schaff ass natierlech erlaabt, wann een net als vulnerabel gëllt, an souwäit d’Schaffplaz iwwerhaapt op huet. Homeoffice bleift awer weiderhin eng gär gesinnen Alternativ.
Beim sonnege Wieder aus de leschte Wochen zitt et eis awer natierlech eraus, ob zu Fouss, mam Vëlo oder motoriséiert. Et gëllt awer d‘Basis vun den 2 Meter Ofstand, ausser bei Leit, mat deenen een an engem gemeinsame Stot wunnt.
No laange Malentenduen, ass jo ewell och kloer, dass een mam Motorrad a mam Auto kann eraus, fir spadséieren ze goen.
Motorrad ass e bëssen änlech, wéi beim Vëlo. Dofir ass de Motard, deen eleng fiert, mat Helm, net de Risiko, seet de Nohaltegkeetsminister François Bausch. Dat Selwecht mam Auto, fir vun A op B ze fueren.
Zanter enger Woch gëllt och Maskeflicht, wann een ënner Leit ass, wou 2 Meter Ofstand schwiereg anzehale sinn, wéi zum Beispill am Commerce, deen op huet. De Virolog Vic Arendt hat schonns an engem Kloertext de 19. Mäerz derfir plädéiert, op Masken ze setzen.
Et ass eng mechanesch Barrière. D'Material ass zwar net egal, mä besser eng Mask virum Gesiicht, déi gutt op de Säiten zou mécht, wéi keng unzehunn. Mask, Buff, Schal, egal, eben Haaptsaach e Mondschutz un.
An och mat Mundschutz: den Ofstand sou gutt et geet anhalen.
Natierlech ass akafe goen, op am lokale Bäcker, Metzler, Epicier, am Supermarché oder dem Baumaart, erlaabt.
An och wann net all Commerçant sech drun hält, och Boergeld muss weider acceptéiert ginn. Idealerweis soll een awer mat der Kaart bezuelen.
Ganz wichteg: weiderhin sech d’Hänn gutt ze wäschen, virun allem, wann een dobaussen war, a Klenschen, Dieren oder generell Saachen ugepaakt huet, déi och anerer virdrun ugepaakt kéinten hunn. Ween es huet, och Desfinfektiouns-Gel hëlleft natierlech de Virus vun den Hänn ze wäschen.
An och wann d’Wieder matspillt: Nee, privat Grillpartye mam Noper oder Frënn si weiderhin natierlech net erlaabt.