RTL erkläertWat Denonciatioun am Code de procédure pénale bedeit

Diana Hoffmann
Wat genee heescht denoncéieren a wat steet am betreffenden Artikel vum Code de procédure pénale, deen dësen Tatbestand reegelt?
© RTL Archivbild

Denonciatioun ass e Wuert, wat am Moment am Zesummenhang mat der Affär ronderëm de fréieren CSV-Parteipresident Frank Engel oder an der Affär iwwert d'Impfdrängler an den Hôpitaux Robert Schuman dacks ze héieren ass.

D'Wuert Denonciatioun bedeit am Strofrecht den Akt, bei deem e Bierger dem Parquet eng Strofdot vun enger anerer Persoun mellt. Wat genee am betreffenden Artikel 23 vum Code de procédure pénale zum Thema steet, weess den Affekot Philippe Penning:

"Wann ee vum Artikel 23 schwätzt, mengt hei een den Artikel 23 (2). Den Artikel dee seet, datt all Autoritéit, all Officier public an all Fonctionaire, deen eng Mission de service public huet, muss en Crime oder Delit beim Parquet denoncéieren, wann en dovunner Kenntnis kritt huet"

Verschidde Leit mussen also denoncéieren. Net an alle Fäll ass awer ganz kloer, wien esou eng Obligatioun huet, wéi ënner anerem am Fall ëm de Frank Engel oder och bei der Denonciatioun an der Affär vun den Impfdrängler an den Hôpitaux Robert Schuman. Hei wier ze klären, ob en Deputéierten iwwerhaapt eng Autorité constituée, en Officier public oder e Fonctionaire vun enger Mission de service public wier, seet den Affekot.

Och wann dës Fro am Bezuch op eng Obligatioun, Saachen ze mëllen, sech ebe géing stellen, hätt se awer keng grouss Inzidenz, betount de Philippe Penning. Dat eben, well all Mënsch däerf eng Denonciatioun maachen. Et bedeit, datt dem Parquet matgedeelt gouf, dass eppes geschitt ass. Wann een zum Beispill ee gesäit, ënner Afloss vun Alkohol fueren, kann een deen zu all Ablack bei der Police oder beim Parquet mellen.

Et gëtt awer och Limitten, wéi den Affekot ënnersträicht: "Zum Beispill, wann een eng Denonciatioun mécht, vun eppes, wat net stëmmt. Da riskéiert een natierlech, selwer eng Strofdot gemaach ze hunn. Dat ass Denonciation calomnieuse."

Eng Denonciatioun ass awer keng Plainte. Eng Plainte ass, wann ee selwer de Geschiedegten oder Concernéierten ass. Zum Beispill, wann een Doheem agebrach krut.

Eng Denonciatioun ass dogéint, wann ee Kenntnis vun eppes krut, wat ee selwer awer net concernéiert. D’Resultat bei béidem wier awer dat selwecht: De Parquet kritt Kenntnis vun engem Fait an decidéiert doropshin, ob en der Affär nogeet oder net.

Back to Top
CIM LOGO