Feierball um HimmelWar et e Meteorit oder war et Weltraum-Schrott?

Annick Goerens
Iwwer Lëtzebuerg war e Sonndegowend e Feierball am Himmel ze gesinn. Géint 19 Auer war fir eng kuerz Zäit eng hell Sträif mat Damp um Himmel, déi sech lues beweegt huet.

Aenzeien hunn och Geknupps héieren. Zu Koblenz solle Stecker Haiser beschiedegt hunn. War et e Meteorit oder war et Weltraum-Schrott?

Meteorit oder Weltraumschrott? Prezisioune vum Annick Goerens

Fir et kuerz ze maachen: et war e Meteorit. Fir et definitiv mat 100 Prozent Sécherheet ze klären, muss een natierlech nach Analyse vum Gestengs maachen. Mee Dr. Carolin Liefke, stellvertriedend Leederin vum “Haus der Astronomie” vun der Uni Heidelberg erkläert:

“Zunächst einmal handelt es sich bei dieser Leuchterscheinung um das, was man tatsächlich eine Feuerkugel oder auch einen Boliden nennt – also das Verglühen eines Objekts in der Erdatmosphäre. Dabei muss man natürlich zunächst klären, worum es sich genau handelt: Ist es etwas Natürliches, also ein Stein aus dem Weltall, oder etwas von Menschen Gemachtes, also Weltraumschrott? Im Moment deutet allerdings vieles darauf hin, dass es sich tatsächlich um einen Meteoriten handelt, von dem man inzwischen sogar schon Bruchstücke gefunden hat. Ich selbst habe das Ereignis natürlich nicht live vor Ort gesehen, aber mittlerweile gibt es Bildmaterial davon, und dieses sieht tatsächlich sehr nach einem echten Meteoriten aus.”

Wou kënnt d’Rumeur mam Weltraum-Schrott hier?

Am Ufank war ee sech an der Communautéit vu Wëssenschaftler an Experten awer net ganz eens, wat et kéint sinn. Sou hate mer e Méindeg de Moien och den Nicolas Feierstein héieren, fréiere President vun den Amateur-Astronomen. Hie war dovun ausgaangen et kéint Weltraumschrott sinn.

“Gëscht ass eng Meldung komm vun der NASA, dass eng Pallett mat Batterien hei ënnen ukomm ass, déi se aus der ISS [International Space Station, ndlr.] ausgelueden hunn. 2,6 Tonnen an déi sinn zum Deel an der Atmosphär vergléit.”

D’NASA hat effektiv esou eng Meldung gemaach, mee déi war vum 8. Mäerz 2024 um 18h46. Den Dag an d’Zäit passt, et ass just dat falscht Joer. Do kann ee sech effektiv séier mol verkucken. Mee wei gesot, schéngt elo alles drop hinzedeiten, dass et ee Meteorit war. Ass dat do dann elo aussergewéinlech?

Dashcam hält Meteorit um Himmel fest - Video vum Gildas Picaronny
Op verschiddene Plazen uechter d’Land war e Feierball ze gesinn, sou och hei, festgehale vun enger Dashcam.

Firwat ginn d’Leit net am Virfeld gewarnt?

Wann d’Gestengs aus dem Weltall net ganz verglüht, kann et natierlech och geféierlech ginn. Firwat ginn d’Leit do net gewarnt?

“Solche Ereignisse passieren im Grunde ständig. Meist geschieht das jedoch in einem sehr kleinen Maßstab – so klein, dass man die entsprechenden Meteoriten nur unter dem Mikroskop erkennen kann. Tatsächlich fallen täglich kontinuierlich Tonnen von Material aus dem Weltall auf die Erde. Nur selten handelt es sich dabei um größere Objekte und nicht nur um winzige Steinpartikel. Wenn jedoch einmal ein größeres Stück die Erdatmosphäre erreicht, kann es unter Umständen Schaden anrichten, da solche Objekte mit sehr hohen Geschwindigkeiten auf der Erde ankommen.”

Wat geschitt elo mat den Iwwerreschter?

An Europa geschitt esou eppes op d’mannst eemol d’Joer an trotzdeem wier et ganz spannend, all eenzelen Objet ze analyséieren, erkläert d’Dr. Carolin Liefke.

“Es handelt sich um einen Stein aus dem Weltall. In diesem Sinne kann man ihn gewissermaßen als einen Boten aus der Vergangenheit unseres Sonnensystems bezeichnen. Diese Objekte sind zu der Zeit entstanden, als sich auch unser Sonnensystem gebildet hat – vor etwa viereinhalb Milliarden Jahren. Seitdem sind sie in der Regel weitgehend unberührt durch das Weltall gedriftet.”

Et kéint een also eventuell nach eppes iwwer eis Vergaangenheet an iwwer d’Entstoe vun der Äerd erausfannen, sou d’Wëssenschaftlerin.

An och den Dr. Richard Moissl vum European Space Operations Centre zu Darmstadt confirméiert eis op Nofro hin, datt et sech ëm e Meteorit vun e puer Meter Duerchmiesser gehandelt huet. Esou eppes wier éischter ongewéinlech.

Liest dozou och eisen Artikel vun e Sonndegowend:

Back to Top
CIM LOGO