Reen-DefizitWanter war iwwerduerchschnëttlech waarm an dréchen, sou meteorologesche Bilan

RTL Lëtzebuerg
De Wanter war méi waarm a méi dréchen ewéi d'klimatesch Referenz-Period 1991–2020, dat mat engem Reen-Defizit an de meeschte Méint an nëmme vereenzelte lokalen Iwwerschwemmunge laanscht d'Musel.
Am Ufank vum Joer 2026 koum et zu engem liichte Réckgang vun den Temperaturen, de Mount Januar louch jee no Regioun no bei der Norm oder liicht drënner.



© WOLFRAM STEINBERG/dpa Picture-Alliance via AFP

De Landwirtschaftsministère, d’Waasserverwaltung a Meteolux hunn de meteorologesche Bulletin fir de Wanter 2025/2026 presentéiert: Am Fazit war de Wanter am Ganze méi waarm a méi dréche wéi d’klimatesch Referenz-Period vun 1991–2020. Besonnesch de Schluss vum Joer huet sech duerch moderat Temperaturen ausgezeechent, heescht et weider

Am Ufank vum Joer 2026 koum et zu engem liichte Réckgang vun den Temperaturen, de Mount Januar louch jee no Regioun no bei der Norm oder liicht drënner. Am Februar goufen nees Temperaturen iwwert dem saisonalen Normalwäert gemooss, wat der allgemenger Tendenz vum Wanter entsprécht.

Wat d’Nidderschléi ugeet, war de Wanter am Ganze méi dréche wéi d’Moyenne vun de Joren 1991–2020. Am Dezember gouf landeswäit e Reen-Defizit festgestallt an och am Januar war d’Situatioun an de meeschte Regiounen änlech.

Eng Ausnam war Réimech, wou e liichte Plus u Reen opgeholl gouf.

Am Februar ass d’Quantitéit u Nidderschléi däitlech geklommen. Zu Aasselbuer gouf esouguer en Iwwerschoss vu bis zu +47,4 Millimeter gemooss, wat engem Plus vun 78 Prozent entsprécht.

Gréisser Iwwerschwemmunge goufen am Wanter net gemellt, nëmmen am Februar koum et zu e puer ganz lokalen Iwwerschwemmunge laanscht d’Musel.

Landwirtschaft

D’Wanterkulturen hu sech am Ganze gutt entwéckelt, allerdéngs goufen et lokal Schied duerch Waasser am Hierscht. Vill Felder konnten nach net géint Onkraut behandelt ginn, déi entspriechend Aarbechte missten elo séier nogeholl ginn, esou d’Servicer.

Fir d’Geméis-Kulture bleift d’Situatioun stabil, och wa weider Nidderschléi néideg wier, fir d’Waasser-Reserven nees opzefëllen. Och an de Wéngerte besteet e Waasser-Defizit, méi Reen oder Schnéi wieren dohier noutwenneg, fir d’Biedem genuch mat Fiichtegkeet ze versuergen.

Back to Top
CIM LOGO