CHDN organiséiert den Dag vun de BerufferVun den technesche Servicer iwwer d’Crèche bis an den OP

Monica Camposeo
Wéi eng Beruffer ginn et an enger Klinik? Direkt denkt een un den Infirmier, d'Hiewan oder d'Anästhesistin. Mee och Juristinnen, Ekonomen oder Elektriker ginn dagdeeglech an engem Spidol gebraucht.

Fir de Jonken aus de Lycéeën aus dem Norden dës Vilfalt ze weisen, huet d'Ettelbrécker Spidol fir déi éischte Kéier e groussen Dag vun de Beruffer organiséiert.

Elektriker, Gäertner, souguer Usträicher gehéieren zum technesche Service. Dat si Beruffer, déi ee sech vläicht net onbedéngt am Spidol virstellt. Mee den technesche Service spillt am Alldag eng grouss Roll. Eng Ekipp vu bal 20 Leit suergt dofir, dass alles séier reparéiert oder ersat gëtt. Sech nieft dem Schlof-Labo, den Infirmieren oder de Psychologen ze presentéieren, wier dowéinst selbstverständlech, fënnt de Christian Dasbach vum technesche Service. Fir ze weisen, wéi och hannert de Kulisse vum Spidol geschafft gëtt.

CHDN organiséiert den Dag vun de Beruffer: technesch Servicer, Crèche an OP
Fir de Jonken d'Vilfalt vun de Spideels-Beruffer ze weisen, huet d'Ettelbrécker Spidol fir déi éischte Kéier e groussen Dag vun de Beruffer organiséiert.

Wéi geet et no der Schoul weider?

32 Stänn goufen et am Ganzen, dorënner och d'Uni Lëtzebuerg oder déi hauseege Crèche, déi op d’Schichtpläng adaptéiert ass. Eng 200 Schülerinnen a Schüler hu sech iwwert déi ënnerschiddlech Beruffer informéiert. D’Fro, wéi et no der Schoul weidergeet, wier méi einfach ze beäntweren, wann een zum Beispill duerch Stagen oder praktesch Ateliere selwer verschidde Beruffer ausprobéiere kann.

Fir de Leo wier et eng gutt Geleeënheet, fir direkt mam Personal a Kontakt ze kommen a gewuer ze ginn, wat et alles u Beruffer gëtt. Villes hätt hien och net direkt mat enger Klinik associéiert, seet hien. Och d’Sophie fënnt, dass een duerch esou en Dag nei Iddie kritt, souguer wann ee scho genee weess, wat ee spéider maache wëll. Den Tim kéint sech virstellen no der Schoul a Richtung Ergo oder Kiné ze goen. Et misst een awer selwer gesinn, wat et gëtt, seet hien, well soss kéint ee schlecht eng gutt Entscheedung treffen. An Neies ausprobéieren, wéi zum Beispill um Stand vun de Beruffer aus dem OP, wier ëmmer interessant. D'Instrumentisten, wéi de Joel Kayser sinn dofir zoustänneg, dass d'Material wärend enger Operatioun zum richtege Moment op der richteger Plaz ass. E ganz spezifesche Beruff, deen net onbedéngt geleefeg ass. Ënnert de Schüler huet de Stand op jidder Fall vill Interessi fonnt, well d’Schüler selwer ausprobéiere konnten, wéi am OP geschafft gëtt. D’Victoria huet sech fir de Stand interesséiert, well hat selwer viru kuerzem operéiert ginn ass a wollt gesinn, wéi eng Materialien dofir an den Asaz kommen.

Et ass genee dëse perséinleche Lien, deen duerch déi praktesch Ateliere mat deene Jonke soll hiergestallt ginn. D'Penurie an den ënnerschiddleche Branchë wier sécherlech ee Grond, mee haaptsächlech wollt d'Nordspidol mat dësem Dag déi verschidde Beruffer valoriséieren a méi bekannt maachen, esou d’Meliha Bjelkic. Si huet den Dag vun de Beruffer mat organiséiert. No dëser éischter grousser Editioun wéilt een d'nächst Joer op jidder Fall nach emol esou en Dag fir d’Lycéeën organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO